
Niewent der zoustänneger Ministesch waren hei och d'Buergermeeschtere Puerre Mellina (Péiteng) a Michel Wolter (Käerjeng), Representante vun der Caritas, dem Roude Kräiz, "Fir e gudden Zweck – Gemeng Péiteng", "Käerjeng hëlleft", d'Association des compagnies d’assurances an d'Offices sociaux vun de Gemenge Péiteng a Käerjeng.

Op dëser Reunioun goung et drëms ze klären, wéi d'Fongen, déi fir d'Affer vum Tornado vum 9. August gesammelt goufen, opgedeelt ginn.
Hei gouf festgehalen, dass alleguerten d'Schied als alleréischt emol bei de concernéierten Assurancen ze melle sinn, sou dass d'Agencen och den éischte Kontaktpunkt vun de Betraffene solle sinn.

Bei extremen Noutfäll sollen déi Betraffe sech beim Office social vun der concernéierter Gemeng mellen. Genee sou soll een sech och beim Office social mellen, wann, nodeems een sech bei den Assurance gemellt huet nach Zommen deels oder komplett opstinn, well se net vun den Agencen iwwerholl goufen. E spezielle Gestiounscomité decidéiert dann, wéi d'Fonge geréiert ginn.