
Eng Danztrupp vu Paräis war fir den Danz vun engem Draach an engem Léif an der Stad um Samschdeg am Nomëtteg responsabel.
Dat neit chinesescht Neijoerschfest "Chunjie" - och Fréijoersfest genannt - gëllt als dee wichtegsten traditionelle Feierdag. Den Neijoerschdag, bei deem den Datum nom chineseschen Bauerekalenner gerechent gëtt, fällt op Neimound tëscht dem 21. Januar an dem 21. Februar.
Dobäi muss ee wëssen, dass d'Joer vum Äerd-Hond schonn de 16. Februar 2018 ugefaang huet a bis de 4. Februar 2019 dauert. De 5. Februar 2019 fänkt d'Joer vum Äerd-Schwäin un.
De chinesesche Kalenner ass, am Géigesaz zum eisem Kalenner, e sougenannten Lunisolarkalenner, dowéinst fält d'Neijoer a China och all kéiers op ënnerschiddlech Deeg.