
“Dat geet op keng Kouhaut": Ënner dësem Motto hunn en Donneschdeg d’Mëllechbauere vun der Bio-Bauere Kooperativ BIOG an der Stad manifestéiert. Mat dobäi waren eng Dose Kéi, hir sougenannten “Bio-Divaen”. A genee d’Leeschtung vun dësen “Bio-Divaen” misst méi honoréiert a wäertschätzt ginn. D’Bio-Kou wier nämlech kee Klimakiller, mee e wichtegen Acteur, wann et ëm d’Erhalung vun der Biodiversitéit géing goen. Aktuell gëtt hir Leeschtung awer weder iwwer d’Präisser nach iwwer d’staatlech Subventiounen ofgedeckt. Eppes, wat sech ännere misst.
D’Biobaueren an hir 12 “Bio-Divaen” si vum Glacis bis d’Clairefontainesplaz gezunn. D’"Bio-Divaen”, dat si keng richteg Kéi, mee Attrappen, déi bemoolt si mat Wiss, Blummen an Insekten. D’Kou sollt erëm méi wäertschätzt ginn. Méi Bio-Kéi heescht méi Biodiversitéit. Dacks géing een héieren, dass d’Kou schiedlech fir d’Klima wier. Heivunner wëlle sech d’BIOG-Mëllechbaueren awer kloer ofgrenzen. Dozou den Tom Kass, Bio-Mëllechbauer vu Rolleng: “Bei eis sinn d’Déieren en zentralen Deel a mir dünge jo just mat deem, wat vun den Déiere kënnt, dat heescht, mir hunn kee chemesch synthetesch hiergestallten Dünger, dat heescht, mir hunn déi ganz Energiekäschte fir d’Produktioun vun Dünger agespuert, déi ëmweltschiedlech Niewewierkungen entstinn doduerch net an doduerch, dass eis Kéi nach erausginn an nach dobausse friessen, ass et eben net sou wéi an der konventioneller Landwirtschaft.”
Doduerch, datt keng Pestiziden agesat ginn, géing een och méi Diversitéit a Flora a Fauna gesinn an och d’Grondwaasser net onnéideg verknaschten.
D’Bio-Baueren hu verschidde Fuerderungen
Den Tom Kass, Mëllechbauer vu Rolleng fuerdert: “Mir hätte gäre méi Betriber, déi ëmstellen. Mir wëlle méi Bio-Mëllech Produzenten, mee mir hunn keng Méiglechkeeten, et fir d’Baueren interessant ze maachen, well de Präis sou schlecht ass. Mer waren ëmmer sou eng kleng Grupp a mir misste vill méi grouss sinn, fir kënnen dobaussen um Marché méi Gewiicht ze hunn, fir kënnen eis Produkter besser ze verdeelen.”
De Pierre Witry, Bio-Mëllechbauer vun Dippech, betount nach eng Kéier de positiven Effekt fir d’Natur: “Haut vum Gespréich erwaarden ech mer, dass mer kënnen d’Leit, respektiv d’Konsumenten dorop opmierksam maachen, dass se quasi mat all Liter Biomëllech, dee se kafen, en zousätzlechen Notzen och fir d’Natur maachen. Éischtens ënnerstëtzt een de Bauer, an zweetens, andeems se e méi deiere Produit kafen, eppes Guddes fir d’Natur maachen.”
Och sollten d’Héicht vun de Subventiounen iwwerduecht ginn, oder méi fair opgedeelt ginn, fënnt de Volker Manz, Chef vun der BIOG: “All Bauer, egal wat e mécht, kritt d’Subventiounen an déi Baueren, déi op Mëttel verzichten, déi d’Grondwaasser verschmotzen, déi kréien dat net honoréiert vun der Gesellschaft. Den ‘Giesskannenprinzip’ sollt ëmgeleet ginn op ee leeschtungsgebonnene Prinzip, mee net op leeschtungsbezunn nëmme wat Produkter ugeet, mee och op déi Leeschtungen, déi der Gesellschaft erbruecht ginn, wou d’Bauere bis elo näischt duerfir kréien”.
D’Baueren haten no der Maniff nach eng Entrevue mam Minister Claude Haagen. A sengen Ae géinge scho fir d’Transitioun an eng Bio-Landwirtschaft vill Ureizer geschaaft ginn. Och ëmmer méi konventionell Bauere géinge sech druginn, fir manner Pestiziden asetzen.