
Eng Woch voll mat neien Impressiounen an Erfarungen ass mat der spektakulärer Ofschlosszeremonie op en Enn gaangen. All d’Kandidaten, mee och d’Experten an all déi, déi matgehollef hunn, fir dëst Event ze stemmen, krute gratuléiert fir hir immens Leeschtung iwwert déi lescht Deeg, Wochen a Méint.
No enger Woch vollem Asaz an Top-Leeschtunge koumen d’Kandidaten an 2 Beruffer ganz no un d’Exzellenzmedail erun. Déi ganz Ekipp konnt sech an hire jeeweilege Beruffer gutt géint déi europäesch Konkurrenz behaapten. An der Moyenne konnt dat gutt Resultat vu virun 2 Joer zu Graz nach eemol iwwertraff ginn.
Unisono stëmmen d’Kandidaten zou, datt si an dësen 3 Deeg Concours immens vill geléiert hunn, an datt den Houfert, d’Land ze vertrieden, eng onvergiesslech Erfarung bleiwe wäert.
De Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, dréckt der ganzer Ekipp seng Ënnerstëtzung aus a geet och op d’Wichtegkeet vun Ausbildung a Skills an
Och d’Partner vu WorldSkills Lëtzebuerg, d’Lëtzebuerger Beruffskummeren, ënnersträichen de Wäert vum Concours fir d’Promotioun vun der Beruffsausbildung
WorldSkills Lëtzebuerg stécht scho mattendran an de Preparatioune fir d’LuxSkills 2024, d’WorldSkills 2024 zu Lyon, an d’EuroSkills 2025 zu Herning an Dänemark.
Mir soen nach eemol e grousse Merci un all eis Kandidaten an hir Experten, all eis Partner a Sponsoren, Famill a Frënn, déi dozou bäigedroen hunn, datt d’Editioun 2023 e grousse Succès ginn ass.
Lëtzebuerg op den EuroSkills (Deel 1) Et geet lass - 14 Kandidaten trieden zu Danzeg un
Lëtzebuerg op den EuroSkills (Deel 2) Den éischten Dag - All Ufank ass schwéier - oder?
Lëtzebuerg op den Euroskills (Deel 3) Héije Besuch an héich Usprëch: Den EU-Kommissär Nicolas Schmit op Visitt
Lëtzebuerg op den EuroSkills (Deel 4) Den drëtten a leschten Dag vun de Kompetitiounen