Et ass nees d’Zäit vun den EuroSkills, den europäesche Meeschterschafte vun de Beruffer.

Hei kënne jonk Talenter bis 25 Joer hiert Kënnen an hir Passioun ënner Beweis stellen.

Ursprénglech sollten d'EuroSkills dëst Joer zu Sankt Péitersbuerg stattfannen. Virun annerhallwem Joer hunn d'Organisateuren awer dunn decidéiert, dass Danzeg den Event ausriichte sollen. Esou kuerz virdrun ass dat eng Mammutaufgab, déi vun de polneschen Organisateuren awer mat Bravour gemeeschtert gouf.

WorldSkills Lëtzebuerg, déi lëtzebuergesch Memberassociatioun vum WorldSkills-Netzwierk, wäert hei op RTL all Dag e klenge Bericht publizéieren, fir och déi Leit, déi net live dobäi kënne sinn, un dësem Event deelhuelen ze loossen.

Et geet lass!

Mat der offizieller Erëffnungszeremonie fir déi 8. Editioun vun den EuroSkills ass dann och de Startschoss gefall: Am spektakuläre Kader vun der Polsat Plus Arena zu Danzeg, enger fréierer polnescher Hansestad un der Ostséi, goufen d'Kandidaten aus 32 Länner op d'Bün geruff. Dorënner natierlech och eng Lëtzebuerger Delegatioun, déi houfreg drop ass, eist Land dëst Joer bei den europäesche Meeschterschafte vun de Beruffer vun de jonke Leit representéieren ze kënnen.

Eis 14 Kandidaten trieden dobäi an 12 verschiddene Beruffer géint jonk Talenter aus ganz Europa un:

  • Automobile Technology: Paul Grüneisen
  • Cooking: Sophie Scholzen
  • Entrepreneurship / Business Development (Team Challenge): Gregory Herbrig & Maurice Hoffmann
  • Graphic Design Technology: Charel Lepage
  • Hairdressing: Ida Gard
  • Hotel Reception: Sarah Nockels
  • Industrial Control: Jason Schneider
  • Joinery: Mathieu Klein
  • Plumbing and Heating: Islem Abichou
  • Restaurant Service: Lynn Beissel
  • Robot Systems Integration (Team Challenge): Tom Fusenig & Ayman Miri
  • Web Development: Jamey Jager

Qualifizéiert hu si sech duerch hiert Resultat bei den nationale Meeschterschaften, de LuxSkills, déi am Mee zejoert am Kader vun der éischter Editioun vu der "Youth Education Professions Schoulfoire" (YEP) organiséiert goufen.

Zeréck op Danzeg an de Futtballstadion:

Lassgaangen ass et also mat der Parade of Nations, bei där all Land seng Nationalekipp op d'Bün schéckt. 32 Delegatiounen hunn hire Fändel mat Houfert presentéiert a sech dobäi vun de Spectateure feiere gelooss. Begleet gouf dat Ganzt vun Dänzer an diverse flotte kënschtleresche Performancen.

D'Kandidate kruten dann och vun de Representante vun der polnescher Regierung, den Organisateuren, WorldSkills Poland a WorldSkills Europe, a vu fréiere Kandidaten, deenen hiert Erliefnis bei den Euro- oder WorldSkills nach haut immens present an an Erënnerung ass, vill Erfolleg gewënscht.

Eng besonnesch Éier ass duerno der Fabienne Kieffer, der Expertin am Skill "Entrepreneurship / Business Development" zoukomm: Am Numm vun allen Experten huet Si den Eed vun de WorldSkills,  deen d'Juroren zu Neutralitéit a Fairness verflicht, op Lëtzebuergesch geleescht.

Zum Ofschloss gouf de Concours formell an offiziell opgemaach, dee Moment, op deen all Spectateur gewaart huet.

Wat erwaart eis Kandidaten?

D'Lëtzebuerger Nationalekipp wäert sech bei dëser Europameeschterschaft vun de Beruffer net just der professioneller Challenge stelle mussen. Et geet och em Zäit- a Stressmanagement, dem Schaffen an engem ongewinnten Ëmfeld an natierlech dorëms, dem Drock vun engem Concours standzehalen.

Ënnert de kriteschen Ae vun engem Jury aus internationalen Experte mussen d'Aufgabe propper, fachgerecht an de Krittären entspriechend absolvéiert ginn. D'Kandidaten hunn awer natierlech och hiren eegenen Expert, mat deem si déi lescht Méint iwwer trainéiert an op dësen Event higeschafft hunn, un hirer Säit.

D'Organisateure rechnen mat enger ronn 100.000 Visiteuren aus Polen, Europa an doriwwer eraus, déi déi jonk Talenter ufeieren.

43 verschidde Beruffer stinn um Programm, vu méi traditionellen Handwierksberuffer wéi Usträicher oder Bäcker iwwer méi kreativ Beschäftegunge wéi Floristik oder Fashion Design bis hin zu technesch an informatesch usprochsvolle Beruffer wéi Mechatronik. Domat gëtt e breet an diverst Bild vum Aarbechtsmarché ofgedeckt.

Nodeems e Méindeg de Moien d'Equipementer iwwerpréift an d'Aarbechtsplazen ageriicht goufen, ass och deem Leschte kloer ginn, dass et eescht gëtt. De Spannungsbou wäert iwwert déi nächst Deeg net méi offlaachen.

Den Tom Muller, Direkter vun der Beruffsausbildung, geet a sengem Message op d’EuroSkills an a wënscht der Lëtzebuerger Nationalekipp vill Gléck.

Dem Tom Muller säi Message un d'Lëtzebuerger Participanten


WorldSkills Lëtzebuerg gëtt ënnerstëtzt vum Educatiounsministère, dem Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, der Direction des classes moyennes, der Chambre des Salariés, der Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers.