Domat triede e Samschdeg nei, méi streng Mesuren a Kraaft. Vum. 25. Dezember 2021 u gëtt et eng Spärstonn a Caféen a Restauranten um 23 Auer, et gëllt de sougenannten 2G+-System an der Restauratioun a bei Fräizäitaktivitéiten a Rassemblementer vun iwwer 200 Leit sinn net méi méiglech, mat Ausnam vun Demonstratiounen, Mäert dobaussen an dem ëffentlechen Transport, wou d’Maskeflicht gëllt.
“Mir kënnen net sou weiderfueren”, sou den CSV-Deputéierte Claude Wiseler e Freideg de Moien an der Chamber bei senger Ried zum Vott vum neie Covid-Gesetz. Et kéint een net all puer Méint nees nei Aschränkungen aféieren. Dofir misst elo direkt an net eréischt Mëtt Januar iwwert d’Impfflicht geschwat ginn, sou den CSV-President, deen d’Regierung opfuerdert, e Konzept fir eng Impfflicht sou séier wéi méiglech virzeleeën.
“Dat Konzept, dat soll och beinhalten, éischtens, datt genuch Impfstoff do ass, fir esou eng Impfflicht an d’Realitéit ëmzesetzen. Zweetens, datt d’Leit och kënnen de Choix vun hiren Impfstoffer kréien, mir wëssen, datt nei Impfstoffer wäerten op de Maart kommen. Den Novavax, wat en Doudimpfstoff ass, bréngt eng Rei Perspektive fir verschidde Leit, déi dorop gewaart hunn. An drëttens musse mer och d’Reegele vun den Ausname virgesinn, dat brauch nach e wéineg Aarbecht. Mir hu laang gemengt, mir kéinten dolaanscht kommen. Mir sinn elo iwwerzeegt, datt dat net de Fall ass.”
D’Impfflicht wier natierlech keng Léisung, déi direkt Resultater bréngt. Et misst och elo reagéiert ginn an dofir wier een och d’Accord, datt d’Mesuren elo nach eemol verschäerft ginn. De Claude Wiseler huet d’Regierung allerdéngs kritiséiert, ze spéit op d’Gefore vun der Omikron-Variant reagéiert ze hunn.
D’Majoritéitsparteie proposéieren hirersäits eng Consultatiounsdebatt direkt am Ufank vum Joer iwwert d’Impfflicht. Den DP-Deputéierte Gilles Baum huet eng deementspriechend Motioun deposéiert. All Partei sollt d’Geleeënheet kréien, fir hir Positioun zu der Impfflicht z’erklären. Et sollt ee sech der Iwwerleeung vun enger Impfflicht net verschléissen, sot den LSAP-Deputéierte Georges Engel, och wann nach Froen ze kläre géinge bleiwen. “Wann een och virun engem Joer sech eng Impfflicht net virstelle konnt, sou huet een an dëser Pandemie eppes geléiert, dass ee sech andauernd upasse muss. An et ass dofir och keng Schan zouzeginn, dass een an enger Pandemie, wou d’Erfarungswäerter zimmlech kleng waren, seng Meenung zu verschiddene Punkten huet misse revidéieren oder missen à jour setzen. Zu dësem Moment schéngt et mir ubruecht, sech den neien Erkenntnisser vun der Wëssenschaft unzepassen, d’Evolutioun vun den Impfstoffer am Aen ze behalen a sech den Iwwerleeungen zu enger Impfflicht net ze verschléissen. An dat, fir eis ganz Gesellschaft an eise Gesondheetssystem ze schützen.”
Déi gréissten Oppositiounspartei CSV fuerdert elo eng allgemeng Impfflicht. Et hätt ee laang gemengt, et géing een dolaanscht kommen, ma et wier een elo iwwerzeegt, datt dat net de Fall wier, sou de Claude Wiseler. “Mir kënnen net esou weiderfueren. Mir kënnen net weiderfueren all puer Méint eis Gesellschaft erëm erneit anzegrenzen, anzespären, Restauranten zouzemaachen ëm eng gewëssen Zäit, Kultur a Sport anzeschränken, Schoulen a Schüler schwiereg Konditiounen z’imposéieren. De Leit kënne mer dat net éiweg opdrängen.”
D’Majoritéitsparteien hunn hirersäits eng Consultatiounsdebatt zum Thema Impfflicht sou séier wéi méiglech gefuerdert. Déi gréng Deputéiert Josée Lorsché sot, wann een eng Iwwerlaaschtung vum Gesondheetssystem a vum Personal an deem Secteur wéilt verhënneren, misst een a Situatiounen wéi där aktueller eng Vollbremsung maachen. “Vollbremsung ka wéi bei dësem Projet de Loi aus dem Deel-Lockdown, dem urgenten Deel-Lockdown fir Ongeimpfter bestoen, déi aus dem Fräizäitberäich ecartéiert ginn an nach just nach dierfe schaffe goen. Dass dëst laangfristeg eng glécklech Léisung ass, woen ech awer staark ze bezweifelen. Et ass eng Léisung, déi d’Gesellschaft méi wéi jee spléckt, geféierlech Tendenze mat sech zitt an déi Ecartéiert frustréiert, fir net ze soen, aggressiv mécht. Also just dat wat mer wëlle verhënneren. D’Vollbremsung kann awer och dora bestoen, op d’Impfflicht ze setzen an d’Mënschen domat nees beieneen ze bréngen, a Verbindung natierlech mat de bewäerte Schutzmoossnamen.”
An den Ae vun der grénger Fraktiounscheffin kéint eng Impfflicht d’Gesellschaft op laang Siicht entlaaschten. De Premierminister Xavier Bettel sot, d’Regierung wéilt der Chamber bis Mëtt Januar en Text presentéieren. “Dass mer dee géingen hei an der Chamber an engem Debat de Consultatioun gären d’Meenung hei hätten an dann direkt drop deposéieren. D’Justizministesch ass am Gaange Vergläicher ze maache mat den anere Länner, ass am Gaangen ze kucken. wéi een Impakt dat hei hätt, wéi dat sanktionéiert ka ginn.”
Déi Lénk Deputéiert Nathalie Oberweis sot hirersäits, et wier nach net genuch gemaach ginn, fir d’Leit iwwert d’Impfung z’informéieren, hinnen Ängschten ze huelen a si z’iwwerzeegen. Iert een iwwert eng Impfflicht schwätzt, sollt een dat maachen.
D’Justizministesch Sam Tanson wier amgaangen, un engem Text fir eng Impfflicht ze schaffen, sot de Premierminister Xavier Bettel an der Chamber. Dëse sollt prett sinn, fir no enger Consultatiounsdebatt an der Chamber, wann néideg, deposéiert ze ginn. D’Regierung hätt nach keng Decisioun getraff, ma et géing ee sech op d’Méiglechkeet preparéieren.
D’ADR wier géint eng Impfflicht, sot de Fernand Kartheiser, géing eng oppen Diskussioun iwwert dat Thema an der Chamber awer ënnerstëtzen a begréissen.
Wann een net geboostert ass, muss een an Zukunft iwwerall, wou den 2G+ gëllt, zousätzlech en Test maachen, d’Caféen an d’Restaurante mussen um 23 Auer zoumaachen, Evenementer mat méi wéi 200 Leit sinn net méi méiglech, et sief dann, et läit e sanitäert Konzept vir.
An de Schoulen gëllt no der Vakanz nees Maskeflicht fir all d’Schüler an Enseignanten, och wärend dem Cours an an der Maison Relais.
Am Privaten, wann een zu méi wéi 10 ass, muss een, wéi bis ewell, de CovidCheck maachen an dat och bei der Santé umellen.
Den Iwwerbléck vun den neie Mesurë fannt Dir hei.