
No laangem Hin an Hier huet d‘Chamberkommissioun fir d‘Petitiounen elo en Datum mam Ëmweltministère fonnt, op deem iwwer e Verbuet vun der Klappjuegd debattéiert ka ginn. Deen Debat ass de 5. Juli an der Chamber.
Eng aner Petitioun, déi den néidege Seuil vun Ënnerschrëfte fir en Debat an der Chamber areecht huet, ass déi vun der ULC géint ze héich Bankkäschten. Doriwwer gëtt den 21. Juni debattéiert.
Donieft ass dann d'Neiegkeet, datt Petitioun vum Comité Alstad, déi sech fir eng Statue fir de Grand-Duc Jean op de Fëschmaart ausschwätzt, ugeholl gouf.