56. Dikrecher KavalkadDausende Leit hunn nees de Wee an d'Ieselsstad fonnt

RTL Lëtzebuerg
Vill Ween, Fouss- a Museksgruppe waren um Fuessonndeg mat um Rendez-vous.

Et war déi 56. Editioun.

Kavalkad zu Dikrech
Dausende Leit hunn nees de Wee an d’Ieselsstad fonnt

Verdeelt gi 5 Tonne Séissegkeeten a Fueskichelcher. Zanter dem Februar 1979 gëtt all Joers d’Kavalkad zu Dikrech organiséiert. 8 bis 10 Méint Aarbecht stiechen an de Preparatiounen. D’a.s.b.l. “d’Eselen aus der Sauerstad” stiechen hannert dëser Mammutorganisatioun. E Budget vun 200.000 Euro gëllt et all Joer ze stemmen.

Wéinst dem Golfkrich am Joer 1991 an der Coronapandemie 2021 gouf an deenen 2 Joer keng Kavalkad organiséiert.

Am Joer 1870 gouf déi éischte Kavalkad zu Dikrech organiséiert. Op engem Fuesméindeg war dat deemools.

56. Dikrecher Kavalkad
Déi Dikrecher Kavalkad zitt all Joers zeg Dausende Leit an d’Ieselsstad. Vill Ween, Fouss- a Museksgruppe sinn um Fuessonndeg mat um Rendez-vous.

Retro: Fotoe vun 2023

Weider Informatiounen op www.cavalcade.lu

Back to Top
CIM LOGO