Oktav 2022Dausende Leit sinn nees an d’Kathedral bei d’Muttergottes gepilgert
Feierlechen Ofschloss vun der Oktav um Sonndeg mat der Schlussprëssessioun an der Stad.
Oktav 2022: Impressioune vun der Schlussprëssessioun by René Scho (22.5.22)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
E Sonndeg war den Ofschloss vun der Oktav 2022. Iwwert déi lescht zwou Woche sinn nees Dausende Leit aus dem In- an Ausland an d’Kathedral bei d’Muttergottes gepilgert a vill hunn der och dovu profitéiert, en Tour iwwert de Mäertchen ze maachen.
D’Oktav zu Lëtzebuerg gëtt et schonn zënter méi wéi 350 Joer. Mëttlerweil gehéiert se zu de wichtegste reliéise Fester am Land.
Bei der Schlussprëssessioun e Sonndeg de Mëtteg war wéi gewinnt och déi groussherzoglech Famill mat vertrueden. Nieft dem Grand-Duc an der Grande-Duchesse war och déi ierfgroussherzoglech Koppel um Rendez-vous. Mat hinnen de Prënz Charles.
De Christophe Hochard mat Impressioune vum Cortège aus der Stad.
Ofschloss vun der Oktav 2022
Bei der Schlussprëssessioun e Sonndeg de Mëtteg war wéi gewinnt och déi groussherzoglech Famill mat vertrueden.
Oktav 2022: Impressioune vun der Schlussprëssessioun by Lucien Koneczny (22.5.22)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.