Oligarch Mikhail Fridman vun EU-Sanktiounslëscht gestrachD’Auswierkunge vum Lëtzebuerger Asaz

Michèle Sinner
D’lescht Woch gouf de russeschen Oligarch Mikhail Fridman, op Demande vu Lëtzebuerg, vun der EU-Sanktiounslëscht gestrach. Dat huet national an international fir Kritik gesuergt.
De Mikhael Fridman.
© AFP

RTL erkläert eventuell Konsequenzen: Deel I

D’Regierung argumentéiert, datt si Schued vu Lëtzebuerg wëll ewech halen a mécht de Lien mam Fridman senger Fuerderung no 16 Milliarden Dollar Schuedenersatz vu Lëtzebuerg. Déi hat de russesch-israeelesche Geschäftsmann 2024 eragereecht. Dat nodeems den Tribunal vun der EU an éischter Instanz him Recht ginn hat, datt de Conseil vun der EU - also d’EU-Memberstaaten – net beluecht hätten, firwat hien 2022 no der russescher Invasioun op d’Ukrain op d’Sanktiounslëscht gesat gi war.

Wien ass iwwerhaapt de Mikhail Fridman?

De Mikhail Fridman ass 1964 an der Ukrain gebuer, déi deemools zur Sowjetunioun gehéiert huet. Nodeems d’Sowjetunioun ausenaner gefall war, krut hien e russesche Pass. 2014 krut hien och d’israeelesch Nationalitéit. Sengen Affekoten no hat hien an den 1980er a 1990er Jore mat sengen Uniskolleege German Khan and Alexey Kuzmichev - déi och 2022 op d’EU-Sanktiounslëscht gesat goufen - kleng Entreprisë gegrënnt. Dat fir Fënsteren ze botzen, Foularden a Fischie fir Fraen ze verkafen a Polstermiwwel. Ma hien huet och de Finanzgrupp Alfa matgegrënnt, zu där d’Alfa-Bank gehéiert an déi an de fréiere Sowjetstaaten ee vun de gréisste Finanzgruppe ginn ass. An der Ukrain notamment gouf aus der Alfa-Bank d’Sense-Bank, déi no der russescher Invasioun vun der ukrainescher Regierung verstaatlecht gouf. 1993 ass de Petr Aven, deen ënnert dem Boris Jelzin Minister fir international Wirtschaftsrelatioune war, an de Grupp erageklommen. Hie war och an den Verwaltungsréit vum Mikhail Fridman sengen Holdingen ABH a Letter One hei zu Lëtzebuerg, bis och hien am Februar 2022 op d’EU-Sanktiounslëscht gesat gouf. An den 2000er Joren huet de Mikhail Fridman seng Geschäfter a Westeuropa verlagert. Hien huet notamment seng Holdingen zu Lëtzebuerg an an Holland gegrënnt. An Holland huet hien och d’ATB-Bank kaaft. Wéi aner Oligarchen och huet hien Immobilien zu London kaaft, déi duerch d’brittesch Sanktioune blockéiert goufen.

De Mikhail Fridman ass awer net just am Finanzgeschäft aktiv, mee och am Energiesecteur. Duerch eng Joint-Venture mat British Petroleum hunn hien a seng Associéen 2013 bei der Vente Milliarde-Benefisser gemaach. Wärend seng Finanzinteressen an der ABH Holding regruppéiert sinn, gehéieren d’Energiegeschäfter zur Letter One Holding. Déi war ënnert anerem och un der Gaspipeline Nordstream II bedeelegt, déi 2022 gesprengt gouf.

Do dernieft ass hien och am Liewensmëttelgeschäft aktiv. Hien huet ënnert anerem Parten an der Chaîne Holland & Barret, mee och an der russescher Supermarchéschaîne X5. Zu Lëtzebuerg sinn déi Interêten an der Holding CTF konzentréiert.

De Mikhail Fridman ass Matgrënner vum Russian Jewish Congress. Hien ass och soss als Philanthrop aktiv gewiescht an huet Konschtpräisser a -festivalle gesponsert. An der Vergaangenheet hat hien ugekënnegt, datt säi Verméigen no sengem Doud net u seng véier Kanner geet, mee fir de gudden Zweck gespent soll ginn.

De Mikhail Fridman war awer schonn an der Vergaangenheet an allerhand Kontroverse verwéckelt. Den Uelegtanker Prestige, deen 2002 fir eng Uelegpescht op der spuenescher Küst gesuergt hat, huet zu sengem Grupp gehéiert. Am sougenannte Steele-Dossier ëm d’russesch Amëschung an d’Walen an den USA gouf him virgeworf, hien an de Petr Aven géifen de Wladimir Putin informell beroden a si hätten him a senger Zäit als Buergermeeschter vu Moskau “deck Zomme Boergeld” ginn. An den USA huet hien eng Klo wéinst Diffamatioun géint de Christopher Steele verluer. A Groussbritannien hunn si eng wéinst deenen Uschëllegunge gewonnen.

RTL erkläert eventuell Konsequenzen: Deel II

Wou ass seng Schuedensersatzklo géint Lëtzebuerg drun?

De Moment ass domat e Schidsgeriicht vun dräi Riichter befaasst, déi vun de Parteien ausgewielt goufen. Dat ass kee Geriicht, dat un e Staat gebonnen ass. D’Klo stäipt sech jo op en tëschestaatlechen Traité: an dësem Fall en Traité, dee Lëtzebuerg, d’Belsch an d’Sowjetunioun 1989 ënnerschriwwen hunn, fir géigesäiteg Investitiounen ze schützen.

Als Siège fir den Arbitrage si sech d’Parteien, also de Mikhail Fridman an d’Lëtzebuerger Staat, op Hongkong eens ginn.

Firwat ass de Sëtz vum Arbitrage zu Hongkong?

De Jurist Javier Garcia Olmedo vun der Uni Lëtzebuerg seet, datt de Sëtz wichteg ass, well een herno kann op där Plaz géint d’Decisioun vun de Schidsriichter virgoen, wann een net d’accord ass. D’Grënn, op déi ee sech ka beruffen, wieren awer ganz limitéiert, zum Beispill wann d’Riichter net neutral wieren: “Une raison pour annuler la sentence arbitrale est si elle est contre l’ordre public de l’endroit de l’arbitrage. Là, le Luxembourg peut invoquer plusieurs arguments. Si l’endroit de l’arbitrage est en Europe ou dans un pays qui a adopté des sanctions contre la Russie, pourquoi l’endroit de l’arbitrage est import, pouquoi ils ont choisi Hongkong” – do gëtt et keng Sanktioune géint Russland.

Wéi eng Kloe gëtt et nach ausser där géint Lëtzebuerg?

Ausser der Klo fir 16 Milliarden Dollar géint Lëtzebuerg, huet de Mikhail Fridman och nach Holland wéinst den EU-Sanktiounen op Schuedenersatz verklot. Als Sëtz fir den Arbitrage gouf an dësem Fall Dubai ausgewielt. Dës Affär gouf e Joer no där géint Lëtzebuerg ugefaangen an de Kalenner vun der Prozedur gesäit Terminer bis 2029 vir. De Mikhail Fridman freet vun Holland “net manner wéi e puer honnert Milliounen Dollar”, well déi hollännesch Bank ATB wéinst de Sanktiounen an d’Faillite gedriwwe gi wier. A senger Ukloschrëft erkläre seng Affekoten awer selwer, datt et virun allem déi amerikanesch Sanktioune waren, déi d’Bank geläämt hunn, well Softwareprovider hir Lizenze revoquéiert hunn. “It as reported that because of the UCMs (d’Sanktiounen, ndlr) Microsoft prevented ATB from accessing systems such as e-mail and cloud services and that Amazon intended to follow suit.” Och d’Curateure vun der Bank féieren d’Insolvenz vun der Bank manner op d’EU-Sanktiounen zeréck. “Es handelte sich dabei vor allem um die seitens der Vereinigten Staaten und des Vereinigten Königreichs auflegten Sanktionen. Die Sanktionen hatten beispielsweise zur Folge, dass die ATB bestimmte (essentielle) Verwaltungssysteme und (essentielle) Zahlungssysteme nicht mehr nutzen konnte,” heescht et am Insolvenzbericht.

D’Lëtzebuerger Holding ABH freet an engem Arbitrage eng Milliard Dollar Schuedenersatz vun der Ukrain, well D’Ukrain d’Sense-Bank nationaliséiert huet. D’Lëtzebuerger Holding CTF huet e weideren Arbitrage géint d’Ukrain lafen. Wéi vill Dommagen do gefrot sinn, ass net bekannt.

Wéi grouss ass dem Mikhail Fridman säi Schued duerch d’Sanktiounen?

Hien huet wéinst de Sanktiounen den Zougrëff op säi Verméigen a seng Gesellschafte verluer. Aus de Bilane vun der Holding Letter One geet ervir, datt sech do ronn 300 Milliounen Dollar Dividenden ugesammelt hunn, déi net un déi sanktionéiert Associéeë konnten ausbezuelt ginn.

D’Holding ABH huet 2024 Wäertkorrekture vun 8,8 Milliarden Dollar gemaach, well de Grupp d’Kontroll iwwert säi Bank- an Assurancëgeschäft a Russland verluer huet. Déi goufe vu Moskau als “wirtschaftlech signifikativ Organisatiounen” designéiert, wéi Interfax geschriwwen huet, op Demande vun der Holding selwer. De Mikhail Fridman an de Petr Aven kruten dono hir Parten a Russland zeréck a konnten déi fir 2,5 Milliarden Dollar verkafen. De Schued ass also an de Bicher vun der Lëtzebuerger Holding, mee net am nämmlechte Mooss beim Mikhail Fridman.

D’Holding CTF huet Wäertkorrekture gemaach, well se d’Kontroll vun der Supermarchéschaîne X5 a Russland verluer huet. Och d’Rechter do dru kruten d’Aktionären dono a Russland zeréck. Och dat ass also e Schued an de Bicher vun der Lëtzebuerger Holding, manner fir d’Aktionären.

Woufir stoung de Mikhail Fridman op der EU-Sanktiounslëscht?

De Mikhail Fridman koum den 28. Februar 2022 op d’Sanktiounslëscht. D’Begrënnung am Journal officiel vun der EU war relativ generell gehalen. Him gëtt virgeworf, no beim Kreml ze sinn an dem Wladimir Putin säin enke Krees ze finanzéieren. Hien hätt en Charity-Projet vum Putin senger eelster Duechter finanzéiert. Hien wier och 2018 op Washington gereest, fir dem Putin seng Messagë géint d’US-Sanktiounen ze iwwerbréngen.

Am Abrëll 2024 kruten de Mikhail Fridman a säin Associé Petr Aven um Geriicht vun der EU (déi éischt Instanz) Recht, datt de Conseil net anstänneg beluecht hätt, firwat si op der Lëscht wieren, d’Geriicht huet d’Decisioun vum Conseil fir si tëscht Februar 2022 a Mäerz 2023 op d’Sanktiounslëscht ze setzen, annuléiert.

Géint déi Decisioun an éischter Instanz huet Lettland Recours um europäesche Geriichtshaff (zweet Instanz) ageluecht. Hei ass nach keen Urteel gefall, mee am Oktober 2025 huet den Avocat général Adrea Biondi recommandéiert, d’Decisioun aus éischter Instanz ze confirméieren.

De Conseil huet déi zwee awer all sechs Méint mat der Erneierung vun der Lëscht nees dropsetze gelooss a seng Argumentatioun spéider ausgebaut.

Deemno wërft d’EU senger Assurancegesellschaft AlfaStrakhovanie vir, d’Gefierer vun der russescher Nationalgard z’assuréieren, wéi och déi vum Wladimir Putin senge Bodyguards. An och Firme wéi JSC Kalashnikov, där hir Waffe vum russesche Militär benotzt ginn, ënnert anerem zu Bucha.

De Grupp X5 géing ausserdeem mat Firme kooperéieren, déi sanktionéiert sinn, well déi d’Iessen an d’Wäsch fir d’russescht Militär organiséieren.

Ënnert anerem wërft de Conseil him vir, datt hien d’EU-Sanktiounen ëmgaangen ass duerch d’Aktioun, fir d’Alfa-Bank a Russland als “wirtschaftlech signifikativ Organisatioun” designéieren ze loossen, d’Kontroll ze recuperéieren an d’Parten ze verkafen. “he is a person who benefitted from a compulsory transfer od ownership and control of an entity established in Russia”, heescht et an de Begrënnungen.

Wat bedeit et fir de Mikhail Fridman, datt hie vun der Lëscht gestrach gouf?

Datt hien elo vun der europäescher Lëscht gestrach gouf, heescht warscheinlech net onbedéngt, datt hien direkt nees Zougrëff op seng Gesellschaften a säi Verméigen hei huet. Hien bleift nämlech weiderhin op der amerikanescher Sanktiounslëscht. Wa seng Firmen also keng Strofe vun den USA wëlle riskéieren, respektiv, datt Microsoft hinnen d’E-Maile späert oder Amazon d’Software-Lizenzen, wéi et bei der Bank an Holland geschitt war, wäerte si hie wuel weider mussen ofschneiden.

Wat bréngt et Lëtzebuerg, datt sech d’Regierung dofir agesat huet, datt de Mikhail Fridman vun der EU-Sanktiounslëscht gestrach gëtt? 

Datt Lëtzebuerg sech fir de Mikhail Fridman agesat huet, soll d’Chancen am Arbitrage fir déi 16 Milliarden Dollar verbesseren. De Premier Luc Frieden sot, d’Regierung hätt dat gemaach, fir Schued vum Land ewech ze halen. Datt hie vun der Lëscht gestrach gouf, weist, datt d’Mesure net permanent an irreversibel ass. Dofir wäert et fir seng Affekote méi schwéier ginn z’argumentéieren, datt hien expropriéiert gouf - sou argumentéieren si an hirer Klo géint Holland. An d’Investorschutz-Traitéen, op déi seng Kloe sech stäipen, sollen justement Investisseure virun Expropriatioun schützen. Ausserdeem weisen d’Informatiounen an de Bilane vu senge Gesellschaften, datt hire Schued net mat sengem gläichzesetzen ass.

A senger Klo géint Holland werfen d’Fridman-Affekoten dem Land vir, den eegene Spillraum vum Veto beim Sanktiounsvote net genotzt zu hunn. Si kéinte sech dohannert verstoppen, datt et eng EU-Reguléierung wier.

“The Netherlands cannot hide behind the EU; there had to be unanimous consent from every Member State in the Council of the EU (therefore including the Netherlands) in order for the proposed UCMs to pass into EU law. In other words, the Netherlands had to proactively approve the UCMs against Mr. Fridman in order for the EU to designate him. It did so.”

Si verweisen do och op Presseartikelen, datt Lëtzebuerg sech schonn am Mäerz 2025 zesumme mat Ungarn soll dofir agesat hunn, datt de Mikhail Fridman vun der Lëscht geholl gëtt. Dës Woch sot och ee vu sengen Affekoten dem Paperjam, den Här Fridman géif déi positiv Roll vu Lëtzebuerg begréissen. De Virworf, datt Lëtzebuerg säi Veto net genotzt hätt, kënne seng Affekoten also net méi maachen.

Wéi de Luc Frieden d’lescht Woch gefrot gouf, ob et en Accord mam Mikhail Fridman géing ginn, datt hie seng Klo zeréckzitt, sot de Premier: “Doriwwer kann ech op dëser Plaz keng Ausso maachen.”

Ma de Jurist a Chercheur vun der Uni Javier Garcia Olmedo seet, dat wier prinzipiell méiglech, datt den Arbitrage kéint ofgebrach ginn: “Je pense qu’il peut y avoir un settlement et (un arrêt) de la procédure.”

Misst Lëtzebuerg Dommagë bezuelen, wann d‘Schidsgeriicht dem Mikhail Fridman där accordéiert?

Am Traité mat der Sowjetunioun steet, datt esou Arbitragen definitiv sinn an am Aklang mam nationale Gesetz ausgefouert ginn. Lëtzebuerg ass och Signataire vun der 1958er Konventioun vu New York, an där sech d’Staaten engagéieren, esou Schidsurteeler unzeerkennen an duerchzesetzen. Mee: Zanter dem 18. Sanktiounspak géint Russland vum Summer 2025 huet d’EU eng Klausel agefouert, datt d’EU-Memberstaate justement keng esou Schiidsurteeler op Basis vun Investorschutztraitéen, déi en Faveur vu sanktionéierte Persounen oder Firmen ausginn, unerkennen oder ëmsetzen. Et gëtt do also e gewëssene Widdersproch tëscht engersäits der Konventioun vun New York an anerersäits dem europäesche Sanktiounsreglement.

Wéi a mat wat misste mer bezuelen?

Wann de Mikhail Fridman Dommagë vu Lëtzebuerg kritt, sinn et Steiergelder. Ob Lëtzebuerg en Arrangement fënnt a fräiwëlleg bezilt oder net. Am Fall wou et keen Arrangement gëtt an de Fridman am Arbitrage Dommagen zougesprach kritt, kann hie versichen, se iwwer de Wee vu Geriichter an Drëttstaaten anzekloen a Verméigen afréieren ze loossen. Op d’Fro, wat dat kéint sinn, äntwert den Unisfuerscher Garcia Olmedo, “kommerziell Actifen, déi dem Staat gehéieren”. Dat kënne Gebaier sinn oder Wäertpabeieren, déi a kommerzielle Banke versuergt ginn.

Hien nennt d’Beispill vum Fonds souverain intergénérationnel, deen 2015 vum deemolege Finanzminister Pierre Gramegna als “Apel fir den Duuscht” an d’Liewe geruff gouf, deen an Aktien an Obligatiounen uechter d’Welt investéiert - déi Wäertpabeiere sinn net nécessairement physesch zu Lëtzebuerg. Enn d’lescht Joer hat de Staat do ronn 785 Milliounen Euro ugespuert. Allerdéngs ass de Fong en Etablissement public, en huet also eege juristesch Perséinlechkeet, et ass net de Staat direkt. Dat, erkläert den Expert, ass eng zousätzlech Hürd, wann en leséierten Investisseur wéilt akloen. Och de Kompensatiounsfong vun der Rentereserve, déi Enn 2025 bei 25 Milliarden Euro loung, ass en Etablissement public. An: d’Sicav, iwwert déi d’Rentereserv investéiert gëtt, ass nach emol eng separat Gesellschaft. Mee de Staat ass och nach direkten Aktionär a verschiddene Gesellschaften, wéi Arcelor-Mittal oder BNP Paribas.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO