Neie Gesetzesprojet presentéiertD'Bierger solle sech méi an d'Decisioune vun hire Gemengen abréngen

Anne Wolff
Dat wier een Zil, dat ee sech bei der Reform vum Kommunalgesetz gesat hätt. Elo proposéiert de Ministère de l'intérieur dofir dräi nei Dispositiffen.
D'Bierger solle sech méi an d'Decisioune vun hire Gemengen abréngen
Dat wier een Zil, dat ee sech bei der Reform vum Kommunalgesetz gesat hätt. Elo proposéiert de Ministère de l’intérieur dofir dräi nei Dispositiffen.

Engersäits sollen d’Leit kënne Proposen an de Gemengerot abréngen. Dofir misste sech op d’mannst 3 Leit vu 16 Joer un zesummendoen a genuch Ënnerschrëfte fir hir Iddi vun den Awunner aus der Gemeng sammelen. Den Taux läit bei 5%.

Da misste si an de Gemengerot geruff ginn, deen dann iwwert hir Virschléi decidéiert.

Donieft hätt een d’Méiglechkeet vun engem Referendum iwwerschafft, an do tëscht enger vun de Bierger an enger vum Gemengerot initiéierter Ofstëmmung ënnerscheet.

D’Inneministesch Taina Bofferding erkläert, de Referendum wier reng consultativ, wann e vun de Bierger ausgeet. D’Resultat wier dogéint contraignant, wann de Gemengerot esou eng Ofstëmmung duerchféiert.

D’Inneministesch Taina Bofferding

Ausserdeem misst d’Gemeng da wichteg Informatiounen op hirem Internetsite publizéieren. De Reider wär dann net méi obligatoresch.

Iwwert dee Gesetzesprojet wäert awer eréischt an der nächster Legislaturperiod ofgestëmmt ginn.

LINK: Schreiwes vum Inneministère

PDF: Factsheet Biergerbedeelegung

Back to Top
CIM LOGO