GrondrechterD'CGFP ass beonrouegt wéinst dem Pandemie-Gesetz

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum Pandemie-Gesetz dierften d'Demokratie a verschidde sozial Aspekter net ze kuerz kommen. Et wier nach zu kengem Sozialdialog komm.

Géif d'Regierung mam Pandemie-Gesetz d'Rechter an d'Fräiheete vun de Gewerkschaften a Gefor bréngen, ouni mat hinnen ze schwätzen, da misst d'CGFP sech wieren. D'Gewerkschaft vun de Fonctionnairë freet an engem Schreiwes een Dialog mat der Regierung, well d'Pandemie-Gesetz kéint nom Noutstand verschidde Grondrechter an noer Zukunft limitéieren.

Och vill Detailer iwwer d'Mesure vum Gesetz wieren net kloer, an déi misste mat de Sozialpartner beschwat ginn. D'Gewerkschafte wieren och a Punkto Exit-Strategie ignoréiert ginn.

Liest hei de Schreiwes vun der CGFP

Back to Top
CIM LOGO