
Duerch d’Demissioun vum Conseiller André Bauler, ass den Ierpeldenger Gemengerot net méi komplett. An der Sitzung vum 15. Dezember 2023 huet de Gemengerot unanime decidéiert, dass dee vakante Posten am Conseil soll nei besat ginn.
Dës Wale mussen dem Gesetz no 3 Méint nodeems d’Decisioun vum Gemengerot dem Inneminister matgedeelt gouf, organiséiert ginn. Aus deem Grond konnt de Minister dem Wonsch vun de Gemengeréit fir d’Komplementarwalen zesumme mat den Europawalen am Juni z’organiséieren, net nokommen. De Minister huet den Datum vun de Komplementarwalen op de 24. Mäerz 2024 festgeluecht an d’Kandidature kënnen de 19. an de 24. Januar 2024 tëscht 15 an 18 Auer op der Gemeng era gereecht ginn.
Vum 2. Januar u kënnen d’Bierger d’Bréifwal ufroen. Weider Detailer dozou ginn et nächst Woch an engem “toutes boîtes”. Et ass ze präziséieren, dass och bei dëse Walen d’Walflicht besteet.