"Eis steet d'Waasser bis zum Hals"De 24. September gëtt e Klimastreik organiséiert

RTL Lëtzebuerg
Youth for climate Lëtzebuerg organiséiert de 24. September ee landeswäite Schoulstreik.
© AFP (Archiv)

Ënnert dem Motto "Eis steet d'Waasser bis zum Hals" organiséiert Youth for Climate de 24. September um 10 Auer  landeswäit ee Schoulstreik.

Mat dëser Aktioun um Weltklimastreikdag wëllt een un d'Politik appelléieren, endlech hirer Responsabilitéit gerecht ze ginn, weider Katastrophen an Doudesfäll ze verhënneren an den zukünftege Generatiounen eng liewenswäert Zukunft ze hannerloossen.

Wéi et am Schreiwes weider heescht, gëtt de Streik am Aklang mat den aktuelle sanitäre Mesuren organiséiert.

Schreiwes vu Youth for climate

Eis steet d’Waasser bis zum Hals

Mir, Youth for Climate, wäerten de 24. September 2021 um 10 Auer ee landeswäite Schoulstreik
organiséieren.

Säit Joerzéngte gëtt op d’Klimakris opmierksam gemaach. Keen huet dat wierklech eescht geholl. Säit
Joerzéngte leide Mënschen am globale Süden ënnert den deelweis fatale Folge vum Klimawandel. An
trotzdeem huele vill Mënschen a virun allem Politiker*Innen hier Responsabilitéit net eescht. An
trotzdeem steet d’Klimakris virun eiser Dier. An trotzdeem ginn eis Bedenken net eescht geholl. Mir
froen eis wéini déi un der Muecht verstinn, datt si onbedéngt eppes ännere mussen. Hiert passiv
Verhale kascht Liewen. Et muss eppes gemaach ginn an zwar léiwer gëschter wéi muer.

D’Iwwerschwemmungen, déi mir an eiser Géigend erliewe missten, si nëmmen e ganz kléngen Deel
vum grousse weltwäite Chaos an trotzdeem ware si verheerend. Si hunn 229 Liewen an Famillen an
de betraffene Regioune vun Europa zerstéiert. A Kanada waren et bal 50 Grad ginn, och mat e puer
Honnert Doudeger. A China gouf en et och immens schlëmm Iwwerschwemmungen an a Kalifornien,
Griicheland, Tierkei, Russland, Iran an nach vill aner Länner brennt et. D’Fro ass wéi vill Mënschen an
Déiere nach leiden a stierwe musse, bis eis Regierung endlech mierkt datt sech wierklech eppes
ännere muss. Wéini versteet d’Politik datt eis Fuerderunge kee Wonschdenke sinn, mee déi eenzeg
Aart a Weis sinn, eis virun den déidleche Folge vum Klimawandel ze retten.

Säit eisem éischte Streik de 15. März 2019 fuerdere mir Klimaneutralitéit bis 2030. Viru kuerzem ass
de neie Klimabericht vum UN-Weltklimarot erauskomm an d’Prognose si ganz schlecht.

Wëssenschaftler*Inne ginn dovunner aus datt mir schonn 2030 d’1,5 Grad Äerderwiermung
erreechen, dat sinn 10 Joer méi fréi wéi déi läscht Simulatiounen. D’Fuerderung “Klimaneutralitéit
bis 2030” kënnt net vum Himmel gefall, et ass eng logesch Schlussfolgerung aus engem
wëssenschaftlechem Konsens an ass dofir net verhandelbar.

Well mir esou lues d’Waasser bis zum Hals stoen hunn, organiséiere mir um 10 Auer moies de 24.
September um Weltklimastreikdag e Streik fir un d’Politik z’appelléieren endlech hirer
Responsabilitéit gerecht ze ginn, weider Katastrophen an Doudesfäll ze verhënneren an eiser a
zukünftege Generatiounen eng liewenswäert Zukunft ze hannerloossen. Dat ganzt leeft natierlech
am Aklang mat de sanitäre Mesuren of. Weider Informatiounen an Detailer kommen an deenen
nächste Wochen.

Back to Top
CIM LOGO