Vereedegung am JuniBen Streff wëll an der Chamber "300 Prozent ginn" fir d'LSAP

Lynn Cruchten
Nodeems d'Paulette Lenert an de Staatsrot gewiesselt ass, wäert fir de Ben Streff um Krautmaart e Stull fräi ginn. Den LSAP-Politiker huet ambitiéis Pläng.
© Archiv

Als Deputéierte misst een 200 Prozent ginn. Dat hat de Ben Streff am Januar als Invité vun der Redaktioun bei eis um Radio gesot. Den LSAP-Ost-Politiker hat deemools am Interview kritiséiert, datt munch Sozialisten an der Chamber net genuch un der Parteiaarbecht interesséiert wieren a keng Presenz um Terrain géife weisen. De Ben Streff hat ugangs dës Joers als LSAP Partei-Manager opgehalen an och säi Posten als President vum Bezierk Osten opginn.

Am Gemengerot zu Bäerdref ass hien zënter 2023. An do bleift en och. Och wann elo en neien Challenge usteet. Mam Depart vun der fréierer Ministesch Paulette Lenert, déi vun der Chamber an de Staatsrot wiesselt, gëtt bei der gréisster Oppositiounspartei nämlech e Stull um Krautmaart fräi. An dee wäert dann ebe vum Nächst-Bescht-Gewielten am Osten, dem Ben Streff besat ginn. Den 31 Joer ale Politiker, deen zënter 17 Joer bei de Sozialisten aktiv ass, seet, e Mandat wier ni säin Haaptzil gewiescht. Nawell wéilt hien als zukünftegen Deputéierten 300 Prozent ginn.

"Ech hu mer net als 14-Järege gesot, ech wëll onbedéngt an déi Chamber, mee ech wollt eppes änneren. Ech wollt fir déi Chancëgerechtegkeet antrieden. Ech wollt fir d’Leit eppes maachen, aktiv Politik maachen, en Deel vun der grousser LSAP sinn. Ech si gär bei de Leit um Terrain. Dat mécht mer Freed an dofir maachen ech dat och ganz gär, fir mech fir d’Leit, fir d’Biergerinnen a Bierger anzesetzen. Och dat ass meng Prioritéit Nummer 1. Politik fir d’Biergerinnen a Bierger ze maachen. Net fir grouss Ideologien ze vertrieden oder am Abstrakten ze bleiwen, am Theoreteschen, mee fir wierklech konkret praktesch Saache pragmatesch ëmzesetzen. An dofir wëll ech mech och an der Chamber asetzen. Fir d’Leit, fir d’Biergerinnen a Bierger, awer och fir de Bezierk Osten, deen heiansdo ze kuerz kënnt."

De Ben Streff dierft viraussiichtlech an der Woch vum 8. Juni als neien LSAP Deputéierte vereedegt ginn. Hie wëll sech do ënnert anerem och fir d'Independantë staark maachen. Wat de Ben Streff ausserhalb vun der Politik intresséiert a wat hien u senger Heemechtsgemeng begeeschtert, gitt Dir an engem Reportage en Donneschdeg den Owend am Journal op der Tëlee gewuer.

Back to Top
CIM LOGO