8,68 Milliounen Euro huet d’Unicef zejoert gesammelt, fir de Kanner uechter d’Welt a Krisesituatiounen ze hëllefen. Dat geet aus dem Joresrapport 2025 ervir. Et wier ee bei den Done plus au moins stabel bliwwen, mat enger klenger Tendenz no ënnen, esou de Paul Heber vun Unicef Lëtzebuerg. Aktuell kommen immens vill Urgencen a Kricher zesummen, op déi ee reagéiere muss. Dat géing och bei den Donateuren eng gewësse Middegkeet ervirbréngen.
Op Englesch ass de Begrëff vun der “Donor Fatigue” geleefeg. Fir dogéint virzegoen, setzt Unicef Lëtzebuerg besonnesch op déi sougenannt Global Parents. Dat si Leit, déi sech engagéieren, all Mount eng gewëssen Zomm ze spenden. Dat mécht et fir d’ONG méi einfach ze plangen, esou de Paul Heber: “Dat ass e bëssen, wéi wann der all Mount eng Pai kritt. Dir kënnt eebe plangen.” 4,6 Milliounen Euro sinn op deem Wee zejoert zesummekomm. 3.739 nei Global Parents hu sech engagéiert. Fir ëmmer nei Global Parents ze fannen, geet d’Unicef vun Dier zu Dier, fir mat Leit an d’Gespréich ze kommen an hir Aarbecht virzestellen. Doranner fléisst vill Engagement, esou de Paul Heber, ma et wier awer derwäert, well déi reegelméisseg Spende vun de Global Parents eben esou wichteg si fir Unicef Lëtzebuerg.
Op d’Caritas-Affär ugeschwat, sot de Paul Heber, dass jiddereen en Interêt hätt, dass genee erausfonnt gëtt, wat virgefall ass. Och wann d’Unicef dat vun de Leit net esou gesot kritt, wier et awer esou, dass d’Vertrauen an d’Hëllefsorganisatioune gelidden huet. “Ech denke schonn, dass dat fir all d’ONGen zu Lëtzebuerg ganz schlecht war, dass dat esou geschitt ass.”
Et wéilt een nach méi op d’Transparenz setzen, wat d’Spenden ugeet. Doriwwer eraus ginn d’Ekippen awer och iwwer Cyber-Security forméiert, fir dass si genee wëssen, wéi si sollen domadder ëmgoen, wann hinnen eppes komesch virkënnt. An natierlech, fir dass si eng méiglech Fraude méi einfach erkenne kënnen. De Paul Heber huet sech am RTL-Interview awer zouversiichtlech gewisen, dass d’Unicef gutt opgestallt wier an esou eppes net kéint geschéien.
All Donateur kann uginn, fir wat säin Don soll genotzt ginn, oder ob d’Sue flexibel kënnen agesat ginn. Da kéint d’ONG flexibel kucken, wou Hëllef gebraucht gëtt. Ma och hei am Land kréie Kanner vun Unicef Lëtzebuerg Ënnerstëtzung, betount de Paul Heber. D’Hëllefsorganisatioun wier och bei der Ausschaffung vum nationalen Aktiounsplang géint d’Aarmut involvéiert gewiescht.
Mat der Campagne “Net eleng” gëtt Jugendlechen zum Beispill eng Plattform gebueden, wou si Hëllef fannen am Fall vu mentale Problemer, mee och Methode fir mat Stress ëmzegoen. D’Unicef sensibiliséiert iwwer déi rechtlech Méiglechkeete vu Jonken. Hei am Land huet nämlech all Jugendlechen ënner 18 Joer gratis Accès zu engem Affekot. Dat Recht géinge vill Leit awer guer net kennen, esou de Paul Heber. Dowéinst kläert Unicef Kanner a Jonker iwwer hir Rechter op. Och dat wier eng Hëllefsstellung, déi Mannerjäregen – besonnesch aus prekäre Situatiounen – hëllefe kann.