House of FinanceDe Brexit war den Haaptsujet beim Briefing vum House of Finance

RTL Lëtzebuerg
Duerch de Brexit kéinten am Ganzen ëm 80 zousätzlech Finanzinstituter op Lëtzebuerg kommen an 3.000 Aarbechtsplaze geschaaf ginn.

D’Virbereedungen op den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU war den Haaptsujet op engem Presse-Briefing am House of Finance um Kierchbierg, deen d’Vertrieder vun der Finanzplaz lo reegelméisseg wëllen organiséieren.

House of Finance/Reportage François Aulner

Eng informell Diskussioun tëscht Vertrieder vu Luxembourg for Finance, d’Bankenassociatioun ABBL, d’Fongen Associatioun ALFI, an eng Rei Journalisten. „Wouriwwer solle mer schwätzen?“ ginn d’Journaliste gefrot. A ganz séier geet et em de Brexit natierlech. Vill Technesches gëtt beschwat: d’Virbereedungen op en ongewëssen Ausgang vum Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU si komplizéiert: et geet beispillsweis ëm Clearing a Settlement – op einfach Lëtzebuergesch - d’Ofwéckele vun Transaktiounen.

D’EU-Kommissioun preparéiert Instrumenter fir en haarde Brexit, d’Lëtzebuerger Regierung huet Enn Januar e Gesetz op den Instanzewee bruecht fir z’erméiglechen, datt d’Geschäfter mat London provisoresch kënne weidergoen. D’Finanzinstituter, déi preparéiere sech och op hir Aart a Weis, an d’ABBL begleet se dobäi, seet de Chef vun der Banken-Associatioun Serge de Cilia. D'Preparative si vun de Maison-Mères gesteiert. Et muss ee sécherstellen, datt de Client weider vu Lëtzebuerg aus kann zervéiert ginn.

Et ass ee scho geplot duerch de Brexit. Mee et gëtt aus der Siicht vun der Lëtzebuerger Finanzplaz och Positives: den Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance, mengt, datt tëscht 2017 an Enn 2019 um Enn eng 80 Entreprisen aus dem Londoner Finanzwiesen an de Grand-Duché wäerte komm sinn an 3.000 Aarbechtsplaze wäerten entstane sinn – wäitaus méi wéi wat de Finanzminister an de Statec virun méi wéi engem Joer soten. Dat wier keng präzis Lëscht, dat kënnen duerno 75 oder 90 sinn.

Gréisstendeels kommen Aktivitéiten am Beräich Asset Managment, also d'Verwaltung vu Verméigen oder nach am Beräich Assurancen. Dat wieren d’Stäerkten - déi staark Clustere vun der Finanzplaz. Trading an aner Finanzaktivitéiten, déi Stécker vum britesche Kuch si fir aner Plazen.

Back to Top
CIM LOGO