SESDe CEO Steve Collar trëtt Enn Juni 2023 zeréck

RTL Lëtzebuerg
Den aktuellen Chief Technology Officer Ruy Pinto mécht den Interim, bis e Successeur fir de Collar fonnt gouf.
© RTL (Archiv)

Dat mellt d’SES an engem Schreiwes um Méindeg de Moien.
Onerwaarte Wiessel un der Spëtzt vun der SES, wou de Generaldirekter Steve Collar no 5 Joer op deem Posten an no 20 Joer beim Betzder Betrib e neien beruffleche Wee aschléit.

Wéi et vum President vum Verwaltungsrot vun der SES, dem Franck Esser heescht, hätt de Collar grouss Meritte fir d’Firma gehat, ënnert anerem beim Ëmsetzen vun neien Satellitten-Capacitéiten.

Interims-Chef bei der SES gëtt de Ruy Pinto, deen Technologie-Direkter ass, a virdrun bei “Inmarsat” aktiv war.

D’Demissioun vum Steve Collar geschitt an enger Period, wou de Satellitten-Operateur an enger Transitiounsphase ass, rieds geet och vun Fusiounsgespréicher mam Konkurrent “Intelsat”.

Eegenen Indikatiounen no erreecht d’SES via seng Satellitten-Flott a Multi-Media-Servicer eng 370 Millioune Stéit weltwäit.

Back to Top
CIM LOGO