
Zanter dem leschte Freide sinn d'Secouriste vum CGDIS am Dauerasaz. “An der Moyenne kann ee soen, dass d'Asätz an enger Woch ëm 30 Prozent erop gaange sinn”, betount de Sven Viktor, deen de Centre de gestion des opérations vum CGDIS dës Woch geleet huet. Spëtzewäerter léichen hei bei 68 Prozent méi Asätz am Beräich vun der Persounerettung. E Mëttwoch goufen zum Beispill 311 Asätz gezielt. Op engem normalen Dag wieren et am Schnëtt 200 Asätz den Dag.
Dacks wier den Ausléiser gewiescht, dass d'Leit net genuch gedronk hätten. "Och elo am Kader vun de Festivitéite vum Nationalfeierdag, war dat eng kloer Feststellung" seet de Sven Viktor.
Eeler Leit a Sportler besonnesch concernéiert
An deenen éischten Deeg vun der Hëtztwell wieren et vill Jonker gewiescht, déi duerch Sport bei héijen Temperaturen a Schwieregkeete komm sinn. Wat d’Canicule awer méi laang dauert, wat sech dat awer ëmmer méi changéiert. "Mir mierken elo, dass et och ëmmer méi vulnerabel Persounen, also eeler Persoune sinn, déi betraff sinn”, betount de Sven Viktor. Och Kanner wieren dëser Deeg concernéiert gewiescht.
Heefegst Ursaache firwat de CGDIS ausrécke muss, sinn Deshydratatioun, Schwächtegefill a weider Malaisen, déi duerch déi héich Temperaturen entstinn.
CGDIS preparéiert sech op Dauerbelaaschtung a Gefor vu Vegetationsbränn
Duerch déi aussergewéinlech laang Durée an d’Intensitéit vun der Canicule huet de CGDIS seng intern Prozeduren ugepasst. "Säit där éischter Cellule d’évaluation des risques, déi jo vum Haut-Commissariat à la protection nationale (HCPN) ugefouert gouf, hu mer Precautioune geholl," sou de Sven Viktor. Intern goufen d’Rettungsdéngschter nach eng Kéier op d’Risike sensibiliséiert an déi disponibel Asazmëttel goufen erhéicht. "E grousse Merci gëllt hei och eise Volontaire-Member, déi sech engagéiert hunn," ënnersträicht hien. Zousätzlech Hëllef wier dann och vun der Arméi an den agréierten Organisatiounen wéi Luxambulance an der Croix-Rouge komm.
Jee nodeems wéi sech esou eng laang Canicule entwéckelt géing awer ëmmer de Risk bestoen, dass een u seng Capacitéitsgrenze kéint kommen, warnt de Secourist. Et dierft een nämlech net vergiessen, dass all Asaz bei Hëtzt och fir d'Rettungsdéngschter méi ustrengend wier wéi soss. Doriwwer eraus géing elo och d'Gefor vu Vegetatiounsbränn eropgoen. Eng Situatioun op déi de CGDIS och muss preparéiert sinn.
Präventioun: Sport evitéieren a genuch drénken
De Sven Viktor rifft dozou op, sportlech Aktivitéiten ze evitéieren a sech esou vill wéi méiglech op Plazen zréckzezéien, wou et kill ass. Den Haaptmessage géing bleiwen genuch ze drénken. Dacks géing een eréischt ze spéit feststellen, wann een sech net genuch hydratéiert hätt.
Doriwwer eraus sollen d’Leit wéinst dem erhéichte Risk vu Vegetatiounsbränn virsiichteg sinn. Se solle kee Feier an der Natur maachen, keng Zigaretten am Bësch fëmmen, oder do Grillen, an net mam Auto an d'Natur fueren. Domat géing een de Rettungsdéngschter extrem hëllefen.