
Dat schreift de CGDIS an engem Post op Facebook.
Wann een dann am Äis abrécht, kéint dat liewensgeféierlech sinn. An deem kale Waasser ënnerkillt de Kierper séier, et verléiert ee Kraaft a geet schliisslech ënner.
Wann een eng Persoun gesäit, déi am Äis agebrach ass, sollt een esou séier ewéi méiglech den 112 alarméieren. Wann een der Persoun selwer hëllefe wëll, soll een hir eng Boje, e Seel oder soss e Géigestand zouwerfen, ouni sech dobäi selwer a Gefor ze beginn.
D’Iechternacher Sektioun vum CGDIS mécht iwwerdeems nach eng Kéier drop opmierksam, dass et verbueden ass, op en zougefruerene Séi ze goen. Ausserdeem erënnert de CGDIS drun, dass och d’Secouristen hiert Liewen op d’Spill setzen, wa si eng Persoun aus dem Äis retten.
Am äiskale Waasser agebrach: Pompjeeë vum CGDIS hunn den Eeschtfall trainéiert.