Persoun an äiskalem Waasser agebrachD'Pompjeeë vum CGDIS hunn den Eeschtfall trainéiert

RTL Lëtzebuerg
D'lescht Woch gouf op der Kockelscheier eng Situatioun simuléiert, wann eng Persoun an äiskaalt Waasser gefall ass.
© CGDIS / Facebook

Beim 112 erënnert een drun, dass et extrem geféierlech ass, op gefuerene Flächen ze lafen. Och mat der aktueller Keelt wieren net all d’Plaze genuch zougefruer, fir d’Gewiicht vun engem Mënsch, Kand oder Déier ze packen. An et bréicht ee just dräi bis véier Minutten am äisege Waasser bis de Kierper ënnerkillt ass, ee méi schwaach gëtt an dann ënnergeet, sou hir Explikatiounen.

Gesäit een eng Persoun, déi agebrach ass, soll een direkt den 112 ruffen. Gutt wier et e Seel, e Rettungsreef oder en aneren Objet bei dës Persoun ze geheien. Wichteg wier, sech selwer net a Gefor ze bréngen. De CGDIS huet dat néidegt Material, fir den Affer ze hëllefen.

Back to Top
CIM LOGO