AdemDe Chômagetaux läit bei 4,9 Prozent

Fanny Kinsch
Am Januar ware 15.801 Persounen zu Lëtzebuerg bei der Adem ageschriwwen, 2,1 Prozent méi wéi ee Joer virdrun.
De Chômagetaux läit bei 4,9 Prozent
Am Januar ware 15.801 Persounen zu Lëtzebuerg bei der Adem ageschriwwen, 2,1 Prozent méi wéi ee Joer virdrun.

Am Januar ware 15.801 Persounen zu Lëtzebuerg bei der Adem ageschriwwen, 2,1 Prozent méi wéi ee Joer virdrun. Domat läit de Chômagetaux bei 4,9 Prozent, 0,1 Prozentpunkte méi héich wéi am Dezember 2022. D’Statistike vun der Aarbechtsagence gi vun elo u fir d’Ëffentlechkeet anescht opbereet.

Chômagetaux liicht geklommen / Reportage Fanny Kinsch

D’Zuel vu fräie Plazen, déi gemellt goufen, ass och an d’Luucht gaangen, ëm 2 Prozent op e Joer gekuckt. Knapp 11.000 fräi Plaze waren am Januar ausgeschriwwen. Ma déi fräi Plazen an d’Profiller vun de Leit, déi sichen, passen net ëmmer openeen, sou d’Ines Baer vun der Adem.
“Op Säite vun den Demandeurs d’emploi hate mer Sekretariatsmetieren an Nettoyagemetieren, déi am meeschten ënnert den Demandeurs d’emploi gefrot waren, hei gesäit d’Bild e bëssen anescht aus, do hu mer dann Auditeure, Comptabelen, Informatiker an awer och Kichepersonal.”

Den LSAP-Aarbechtsminister Georges Engel wëll eng national Strategie ausschaffen, fir d’Kompetenze vun de Leit ze stäerken.

“Et muss eis geléngen, Kompetenze vun de Leit, déi eng Aarbecht sichen an d’Erwaardunge vun de Patronen, déi Leit sichen, méi no beieneen ze kréien. A wa mer feststellen, datt besonnesch Leit iwwer 45 sech bei der Adem aschreiwen, da musse mer grad dëse Leit nei Kompetenze mat op de Wee ginn, fir datt se nees attraktiv fir den Aarbechtsmaart ginn.”

An deene leschte Méint hätten nämlech nach méi nei Leit an där Alterskategorie sech bei der Adem gemellt, déi och méi en héije Risiko hu fir an de Laangzäitchômage ze falen. Dee gëtt iwwerdeems elo anescht erfaasst. Bis elo hätt een nëmmen d’Unzuel u Méint, déi d’Persoun ouni Aarbecht war, gekuckt, sou d’Direktesch vum Aarbechtsamt Isabelle Schlesser.

Wat jo am Fong, wann een an Detail kucke geet, net ganz richteg ass, well e war jo net zwielef Méint ageschriwwen, e war eelef Méint an een Dag ageschriwwen, mee eis Outilen hunn eeben a Méint fonctionéiert an net an Deeg. Hei maache mer elo en Ënnerscheed an hei fuere mer elo an Deeg, also kënne mer ganz genau tracéiere wéi vill Deeg d’Leit ageschriwwe sinn. A wann elo eng Persoun 365 Deeg plus eent ageschriwwen ass, dann ass se iwwer zwielef Méint ageschriwwen.”

An der Statistik goufen d’Zuele retroaktiv ugepasst. Fir ënnert anerem Journalisten a Fuerscher den Zougang méi einfach ze maachen, ginn d’Statistike vun elo un iwwerdeems méi am Detail a mat interaktive Grafiken um Internetsite vun der Adem presentéiert.

Back to Top
CIM LOGO