Haislech Gewalt ass net nëmmen den Akt, wou et zu kierperlecher Gewalt kënnt. Vill méi dacks fänkt et mat psychologescher, finanzieller oder institutioneller Gewalt un. Dës subtil Forme vu Kontroll ginn ënner dem Begrëff “contrôle coercitif” zesummegefaasst – eng Strategie, déi d’Affer lues a lues isoléiert an zerstéiert.
“Am Ufank war et schéin. Ech hu gemengt, ech hätt de Richtegen. No sechs Méint war ech schwanger. Mee no der Gebuert huet hien opgehalen ze schaffen. Ech hu missen alles bezuelen: Haus, Auto, seng Assurancen. Dat war déi éischt finanziell Gewalt. Duerno koum psychesch Gewalt – Kritik, Manipulatioun. Wéi ech mech gewiert hunn, huet hie mir an d’Gesiicht gespaut. Viru mengem Kand. Do hunn ech misse flüchten.“
Dës Fra ass net eleng. Vill Affer erliewen eng Eskalatioun, déi mat psychescher Gewalt ufänkt a mat kierperlecher Gewalt ophält. De Contrôle coercitif ass eng systematesch Kontroll Strategie, déi d’Fräiheet an d’Autonomie vun enger Persoun limitéiert. De Contrôle coercitif spigelt sech erëm an der Isolatioun, der Iwwerwaachung, der finanzieller oder juristescher an institutioneller Gewalt. Hannert dësem Kontroll-Mechanismus verstoppt sech eng psychologesch Manipulatioun.
Am Ausland – sou zum Beispill an England, Kanada, Schottland oder Frankräich – ass de Contrôle coercitif schonns gesetzlech definéiert. Zu Lëtzebuerg gëtt et nach kee klore juristesche Kader, wat dacks dozou féiert, datt d’Affer am System verluer geet. Experten an Associatioune fuerdere Formatioune fir Police, Riichter an Institutiounen, an eng gesetzlech Unerkennung vun dëser Form vu Gewalt.
Gewalt ass net ëmmer siichtbar – mee si ass reell. Sich Hëllef bei Police (113) oder Organisatioune wéi Femmes en détresse a Pro Familia.
Am Kader vun der Ouverture vun der Orange Week gouf et zu deem Thema och eng Konferenz mat der Psychologin Christel Petitcollin.