U wat läit dat a wat ka Lëtzebuerg besser maachen? Doriwwer hu mir mam Grënner vun der Pisa-Etüd, dem Andreas Schleicher, geschwat.
Vill gouf an de leschte Wochen a Méint iwwer d’PISA-Etüd diskutéiert: An dat ass net vu Muttwëll, well Lëtzebuerg kéint a misst esou guer besser ofschneiden:
Andreas Schleicher, Grënner a Koordinateur vun de PISA-Etüde bei der OECD: "Klar ist, dass die Resultate von Luxemburg weit unter dem Potenzial dieses Landes liegen, auch gerade was Effizienz betrifft. Luxemburg gibt fast 7 Mal so viel pro Schüler aus wie die Türkei, und bekommt keine besseren Ergebnisse. Die Frage der Effizienz ist ganz sicher zu stellen. "
Och hätt de sozio-ekonomeschen Hannergrond vun de Schüler nach ëmmer ee groussen Impakt op hiert d’Léierverhalen an hir Leeschtungen an der Schoul. Besonnesch fir si wier ee méi konsequenten Notte-System vu Virdeel:
"Was mir auch Sorgen macht ist, dass viele Schüler in Luxemburg gute Noten bekommen, auch wenn die Resultate nicht so besonders gut sind. Und das ist gerade für Kinder aus ungünstigen sozialen Umfelden fatal. Wer aus günstigen Umfelden kommt, da ist es egal, weil die Eltern werden sich immer für die Kinder einsetzen. Aber wer aus ungünstigen Verhältnissen kommt, wenn wir da sagen "das ist gut genug, du brauchst dich nicht mehr anstrengen" dann führt das auch zu den sozialen Disparitäten. "
30% vun de Schülerinnen a Schüler vu 15 Joer zu Lëtzebuerg hunn uginn, datt d’Schoul Zäitverschwendung wier. Hei dierft een net deene Jonken d’Schold ginn, mee do gesäit den Andreas Schleicher aner Pisten:
"Das fehlt uns im Bildungssystem. Wie können wir lernen relevant machen? Wie können wir Schülern mehr Verantwortung geben, um ihre eigene Lernziele festzusetzen und ihre eignen Lernwege zu definieren? So dass die Schüler nicht nur Konsumenten von Inhalten sind, die sie oft nicht interessieren und wo sie auch die Relevanz nicht sehen, sondern dass sie Verantwortung für ihr eigenes Lernen übernehmen und das Lernen auch stärker Verknüpft wird mit realen Problemen.
Méi Ressourcë bräicht Lëtzebuerg dofir awer net, mee éischter eng méi effikass Verdeelung vun de Moyenen, déi et scho ginn.
Am RTL-Interview huet den Andreas Schleicher dann och erkläert, wéi Lëtzebuerg seng Ressourcë méi effikass an der Educatioun kéint asetzen.
Dës a vill weider interessant Aussoe vum Grënner vun der PISA-Etüd wäerten dann en Donneschdeg an eiser neier Sendung "Studio 2" zur Diskussioun stoen.
Beim Claude Zeimetz am Studio sinn den Educatiounsminister Claude Meisch sou wéi och Vertrieder vu Proffen, Schüler an Elteren.