De Regierungsprogramm gouf de Memberen nach emol am Detail presentéiert, souwéi vereenzelt Punkte scho beschwat.
Eppes wat der neier Kommissioun um Häerz läit ass Fonctionnement vun der Coque. Do soll an Zukunft den Eventprogramm zeréck geschrauft ginn an de Fokus soll nees méi op de Sport geluecht ginn. Den neie Sportminister Dan Kersch ënnersträicht, dass d'Coque ufanks fir Sportsveräiner an d'Schoulen geduecht war.
Elo misst een dëst awer nach eemol iwwerdenken, dat souwuel vun de Verantwortlechen vun der Coque, déi Verantwortlech vum Sportsministère a vum COSL. Hei misst een da kucken zu konkrete Resultater ze kommen.
Ënnert Theme waren ënnert anerem déi finanziell Ënnerstëtzung fir Veräiner an den Dateschutz. De Sportminister huet no der Reunioun den Esprit vun der Kommissioun gelueft, déi un den Dag geluecht gouf.