D'Bäckesch-Federatioun huet op der Gare an der Stad Reklamm fir Dräikinneksdag gemaach, dat mat engem Dräikinnekskuch vun 1,60 Meter.
De 6. Januar gëtt dësen Dag jo traditionell bei eis gefeiert mat engem Kuch, wou eng Boun dra verstoppt ass. Et ass ëmmer nees e grousse Spaass, fir erauszefannen, wien dann de Kinnek deen Dag gëtt.