"Op d'Zukunft bauen"De Grondstee fir den neie Maintenance-Zenter vun der Luxair gouf geluecht

Jeannot Ries
D'Pandemie hat de Projet Maintenance-Zenter ausgebremst. An Tëschenzäit stinn déi éischt Maueren.
''Op d'Zukunft bauen"
De Grondstee fir den neie Maintenance-Zenter gouf geluecht.

En Donneschdeg gouf bei Sandweiler, op der Süd-Säit vum Findel, de Grondsteen fir der Luxair hiren neie Maintenance-Zenter geluecht. Vun Enn 2023 un ass hei Plaz fir 3 grouss Fligeren. Awer wat fir eng?

Maintenance-Zenter vun der Luxair - Rep. Jean-Marc Sturm

“Dat hei ass en éischte Schrëtt an d’Zukunft vun der Luxair”, sou de Generaldirekter Gilles Feith, wéi en Donneschdeg de Grondsteen fir en neien Hangar geluecht gouf. Nach huet d’Airline sech net ganz vun den duerch d’Covid-Pandemie bedéngten Turbulenzen erholl. A scho musse strategesch Decisioune geholl ginn, déi de Cap fir déi nächst 25 Joer festleeën.

D’Pandemie hat de Projet Maintenance-Zenter ausgebremst. An Tëschenzäit stinn déi éischt Maueren. Direkt nieft der Cargolux. Et ass d’Bedreiwergesellschaft vum Flughafen, Luxairport, déi op 11.000 Meter Carré déi batter néideg Installatioune baut an deenen d’Luxair a schonn annerhallwem Joer hir Flotte vun den Ament 20 Fligere soll fit halen. 160 Mataarbechter schaffen den Ament bei Luxair-Technik.

“E gëtt 3 Mol sou grouss wéi den aktuellen Hangar, dee jo ënner Denkmalschutz steet. Dir hutt Recht, deen ass an d’Jore komm, fir den Erausfuerderunge vun haut gerecht ze ginn. Et gëtt grouss Zäit, datt en neit Gebai kënnt. E Konzept, wat mer zesumme mat der Luxair ausgeschafft hunn. Plaz wäert fir 3 Fligere sinn. Egal fir wat fir eng Flott d’Luxair sech an Zukunft entscheet”, sou d’Erklärunge vum Alexander Flassak, Generaldirekter bei Luxairport.

Do si mer bei engem vun de waarmen Eisen, déi den Ament d’Käpp um Findel zum Dämpe bréngt. De Choix vun neie Fligere fir d’Luxair. E puer Hiersteller sinn an der Course, d’Boeing 737Max, d’Embraer195 an Airbus mam A220.

“D’Luxair brauch eng gewëss Flexibilitéit an der Zukunft. Op allen Niveauen. Do brauche mer da Fligeren, déi kënnen déi kleng Destinatiounen, déi mëttel an déi grouss ufléien. Do si mer den Ament am gaangen ze kucken an der Gréisst vun 100 bis 150 Sëtzer. Do ass den éischte Besoin. Mat et gëtt och de Besoin drënner an driwwer”, sou de Luxair Generaldirekter Gilles Feith, deen net ausschléisst, datt d’Luxair an Zukunft mat 3 Typpen u Fligere schaffe kéint. Et huet een Ambitiounen ze wuessen.

Den Nei-Start vun der Luxair huet matten an der Pandemie ugefaangen. Aggressiv huet d’Direktioun an der Kris nei Destinatioune lancéiert. An dat soll just den Ufank sinn. D’Luxair soll wuessen. Mat neie Fligeren, méi Fligeren, mat weideren neien Destinatiounen.

“D’Luxair huet dëst Joer ugefaangen op Dubai ze fléien. Mir wäerten dat och weider fléien. Mir schaffe ganz intensiv um Senegal. A mir hunn nach e puer aner grouss Iwwerraschungen. Mir wäerten do onsem Marché an der Groussregioun ubidden, wat gefuerdert ass. Ech mengen et gëtt eng Plaz, fir datt d’Luxair an Zukunft ka méi fléien an och mat enger méi grousser Flott ka weiderfueren”, sou de Gilles Feith weider.

Méi Fligeren eleng bei der Luxair, dat bedeit och méi Passagéier um Findel. Do wou et elo schonn a Spëtzen-Zäite ferm enk gëtt. Um Niveau vum Check-In, bei der Sécherheetskontroll - Awer net just do.

Däers ass sech de Minister fir Mobilitéit François Bausch bewosst: “Déi Hal huet eng schéin Architektur, ma se ass net extra effikass gebaut ginn, fir Offäerdegung ze maachen. Et gëtt nach Méiglechkeeten, fir verschidde Saachen do auszebauen. Ech mengen och, datt een an déi Richtung soll denken, fir datt dat nach méi agreabel gëtt, wéi et haut ass. Et muss een awer allerdéngs haut soen, d’Schwieregkeete leien op sämtlechen Airports a mir sinn eigentlech nach hei “relativ gutt drun”, wann ech vergläiche mat anerer Flughäfen an Europa.”

D’Leit reesen nees. Un d’Rekordjoer 2019 wäert de Flughafe Lëtzebuerg dëst Joer wuel nach net erukommen. Et kéinten um Enn awer nees eng 4 Millioune Passagéier gezielt ginn. 2019 war et eng hallef Millioun méi. Dat ass bei den aktuellen Aarbechtsbedéngungen a mat der aktueller Zuel u Mataarbechter, 2.800 Vollzäit Kontrakter, mat Stress verbonnen.

“Ech hunn d’Zuelen elo rezent gekuckt. Tëscht 2018-2019 wou mer do waren an den Equivalent Temps Plein a wou mer haut sinn. Do si mer ongeféier d’selwecht. Ech mengen net, datt et do vill manner oder vill méi ass. Natierlech, an engem saisonale Betrib huet een och CDD ze consideréieren. Ma wa mir et fäerdeg bréngen, der Luxair och e proppere Wanterbetrib ze ginn, da kënne mer natierlech och méi e stabelen Employeur ginn. Wa mer eis Flott méi grouss maachen, da wäerte mer och hei an der Technik méi Leit brauchen. Dat ass ganz kloer”, sou de Gilles Feith.

Eng Zukunftsvisioun, déi mat ganz héijen Investissementer a weider ongewëssen Zäite verbonnen ass. Do geet et drëms, den Equiliber net ze verléieren.

Hei de komplette Communiqué vun der Luxair!

Back to Top
CIM LOGO