Science-Deeg am Dikrecher LycéeDe Kanner praktesch Aspekter vun der Wëssenschaft weisen

RTL Lëtzebuerg
Wärend den traditionelle Science-Deeg krute Primärschoulkanner eng kleng Aféierung an d'Welt vun der Wëssenschaft.

Wéi hunn eigentlech d'Chinese gerechent? Wéi funktionéiere Lava-Luuchten? Wéi programméiert een e Computer? Dës an nach vill aner Froen kruten d'Schüler aus de Gemengen Dikrech, Tandel, Feelen, Ärenzdall, Ierpeldeng un der Sauer a Bettenduerf beäntwert.

Den Event gouf vum Claudine Hein an Daniel Pick organiséiert. Zil war et, de Primärschoulkanner déi praktesch Aspekter vun de Wëssenschafte méi no ze bréngen.

Sou hunn déi jonk Gäscht och dierfe Bubble Tea a kosmetesch Produiten aus natierleche Stoffer hierstellen. Si konnten hiren eegene Video dréien a Villes méi.

Enger 10. Editioun vun de Science-Deeg steet näischt am Wee.

Back to Top
CIM LOGO