FOTOGALERIE - Stad LëtzebuergDe Logement an d'Mobilitéit bleiwen 2019 d'Haapterausfuerderungen

Claudia Kollwelter
Ronn 800 Leit haten de Wee an de groussen Theater fonnt, wou op déi wichteg Momenter an den nächste Méint a Joren opmierksam gemaach gouf.
© Lucien Koneczny

"Eng Stad déi wiisst brauch och eng Gemeng déi wiisst", dat huet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Méindeg bei der Neijoerschreceptioun vun der Ville de Luxembourg betount. Ronn 800 Leit haten de Wee an de groussen Theater fonnt, wou op déi wichteg Momenter an den nächste Méint a Joren opmierksam gemaach gouf an zwou grouss Erausfuerderungen ervir gestrach goufen.

Haaptchantieren vun der VDL - Reportage Claudia Kollwelter

Dat wier engersäits de Logement, wou zejoert e Rekord-Joer gewiescht wier wat Autorisatiounen ugeet, fir Logementer ze bauen. 1.555 där Baugeneemegunge sinn zejoert eraus gaangen, dat hätt et nach ni virdru ginn, huet d'Lydie Polfer betount. Als Gemeng hätt een 2018 87 nei Wunnengen op de Maart bruecht, dëst Joer sollen et der an déi 70 sinn. Donieft wiere grouss Projete geplangt. Op der Areler Strooss, déi jo elo duerch d'Fortgoe vum Stadion, de Pompjeeën oder dem Service hygiène méi eidel gëtt, wäerten nei Realisatiounen entstoen. En internationale Concours wäert heivir am Fréijoer lancéiert ginn.

Eng zweet Erausfuerderung wier d'Mobilitéit: de Chantier vum Tram kéim elo an d'Häerz vun der Stad, wat sécher net déi einfachst 2 Joer géife ginn, mä d'Stater Buergermeeschtesch ass zouversiichtlech, datt een dat och packt an huet ënnerstrach, datt d'Stad sech immens verännert huet. Als Beispiller gëtt d'Buergermeeschter de Royal Hamilius oder eben den Tram.

D'Gemeng wier gewuess, allerdéngs weist sech dat net duerch d'Zuelen. Zejoert hunn nach 4.123 Leit fir d'Ville de Luxembourg geschafft, haut sinn et der nëmmen nach 4.048 an awer wier ee gewuess.

Ënnert den Invitéeë war iwwregens och de fréiere Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg an aktuelle Premier Xavier Bettel.

FOTOGALERIE: Andréck aus dem Groussen Theater vum Lucien Koneczny.

Back to Top
CIM LOGO