Interinstitutionellen Dialog geplangtDe Luc Frieden fënnt och, datt d'Qualitéit vu Gesetztexter ofgeholl huet

RTL Lëtzebuerg
De Premier deelt ewéi et schéngt d’Meenung, datt d’Qualitéit vun den Texter, déi d’Ministèren an der Chamber deposéieren, déi lescht Joren ofgeholl huet.

A senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement äntwert hien nämlech, datt d’Regierung eng “héchstméiglech Qualitéit vu Gesetztexter” wéilt.

Dowéinst wier en “interinstitutionellen Dialog” mat der Chamber a mam Staatsrot geplangt, fir ze kucken ewéi een dat kéint ëmsetzen. Eng Iddi, déi géing analyséiert ginn, wier déi vun engem “Service de légistique”.

Den CSV-Deputéierte Michel Wolter hat no de Walen am Oktober als provisoresche Chamberpresident drop higewisen, datt d’Qualitéit vun den Texter, déi d’Ministèren an der Chamber deposéieren ofgeholl hätt.

Den Nach-President vum Staatsrot Christophe Schiltz huet dat ënnert anerem hei op RTL och esou gesinn.

Back to Top
CIM LOGO