"Wa legiferéiert gëtt, da soll probéiert ginn, gutt ze legiferéieren"
E Méindeg de Moie war ënnert anerem d'Aarbecht vum Staatsrot Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’Qualitéit vun de Gesetzprojeten, déi an der Chamber deposéiert ginn, loossen "heiansdo" ze wënschen iwwereg. Dat huet de Christophe Schiltz e Méindeg de Moien hei op RTL bedauert. Hien ass President vum Staatsrot / Conseil d’état. Eng Institutioun, déi déi legislativ Texter vun der Regierung a vun der Chamber ënnert d'Lupp hëlt a kuckt ob se konform mat der Verfassung sinn.
Bei eng Qualitéit, déi ze wënschen iwwereg léisst, kënnt nach dobäi, datt d'Quantitéit an d'Luucht gaangen ass. Déi lescht 5 Joer huet de Conseil d’état ronn 2.200 Texter missen ënnert d'Lupp huelen – e Rekord. Och wann ee mat de Leit am Sekretariat deels un d’Limitte géing geroden, wier et virun allem well Texter net präzis genuch sinn, datt déi heiansdo laang schleefen. Fir déi Ausso z’ënnermaueren, huet de Christophe Schiltz zwee Gesetzprojete genannt, wou 150 Oppositions formellen hu misse formuléiert ginn. Hien hätt och festgestallt, datt heiansdo déi selwecht Oppositions formelle mussen e puer Mol widderholl ginn, an d’Texter dowéinst "hin an hier" ginn. "Wa legiferéiert gëtt, da soll probéiert ginn, gutt ze legiferéieren", sou de Christophe Schiltz. Zanter enger Zäit rifft de Staatsrot dowéinst d’Beamten oder d’Ministere fir z’erklären, wat se iwwerhaapt mat hire Projete wëllen erreechen, an déi Approche wéilt de Christophe Schiltz generaliséieren. Hien huet och zouginn, datt d’Qualitéit vun den Texter och vum Sujet ofhänkt, well déi kéinte mol méi oder manner komplex sinn. Trotzdeem soll een a sengen Aen esou einfach legiferéieren, ewéi ee kéint. An hie gesäit och nach "Potential" fir méi Leit am Sekretariat anzestellen.
"Zum Heescheverbuet wëll ech mech net weider äusseren"
D'lescht Woch hat de Christophe Schiltz op der Neijoerschreceptioun vum Staatsrot ënnert anerem deklaréiert, datt Rechtsprinzippie missten héichgehale ginn, fir datt d’Gesellschaft zesummenhält. E Méindeg de Moie sot hien: "zum Heescheverbuet wëll ech mech net weider äusseren", mee hien huet op "vill kompetent Leit an deem Domän" higewisen, déi sech zum Thema geäussert hätten. Seng Deklaratioun d’lescht Woch wier op d’Aarbecht vum Staatsrot gemënzt. Heiansdo hätt hien nämlech d’Impressioun, datt ee géing senger Institutioun virwerfen, seng eege Reegelen ze maachen, wann een Avisen ofgëtt. Hie wollt mat senger Ausso kloerstellen, datt de Conseil d’état net an engem "loftleere Raum" wier.
Verstäerkten Deontologie no Lux-Affär
Wat d’Réprimande ugeet, déi de Member vum Staatsrot Lucien Lux am November krut, do huet de Christophe Schiltz betount, datt ee méi wäit gaangen ass, ewéi dat wat den Deontologie-Comité recommandéiert hat. De fréieren LSAP-Minister hat sengem Geschäftspartner Flavio Becca e Projet d’avis, deen hien interesséiert, geschéckt, iert driwwer ofgestëmmt gi war. De Christophe Schiltz - selwer och Member vun der LSAP - sot awer et wéilt een d’Deontologie-Reegelen nach weider verstäerken, notamment mat Déclarations d’intérêts, ewéi d’Deputéiert se mussen ausfëllen.
Staatsrot: Deontologie-Comité gëtt saiséiert (29.8.23)
Decisioun Plenière vum Staatsrot: "Giel Kaart" fir de Lucien Lux, hie geet net an Appell (15.11.23)
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.