SteierverwaltungDe Luc Schmit iwwerhëlt Posten als Interimsdirekter

RTL Lëtzebuerg
Bei der Visitt vum Finanzminister Gilles Roth an der Steierverwaltung, huet dësen d'Personal iwwert déi Decisioun informéiert.

D’Steierverwaltung kritt en Iwwergangsdirekter, dat an der Persoun vum Luc Schmit, dee bis ewell Directeur adjoint war.

Vum 1. Januar un iwwerhëlt hien d’Geschécker, sou laang bis en definitiven neien Direkter nominéiert ass.

Den CSV-Finanzminister Gilles Roth huet um Freideg d’Personal heiriwwer informéiert.

E Comité vun Experte begleet d’Recrutementsprozedur. Den nächsten Direkter soll aus der Steierverwaltung eng modern, digitaliséiert an accessibel Administratioun maachen, heescht et am Schreiwes vum Finanzministère.

D’Mandat vun der aktueller Direktesch Pascale Toussing war net verlängert ginn, dat obwuel si dat gefrot hat.

LINK: Liest hei d’Schreiwes vum Gouvernement

Back to Top
CIM LOGO