Zwee Joer laang hunn d’Forainen elo misse pausen a konnten hir Iess-Buden net opriichten. Op alle Fall net sou, wéi se dat soss gewinnt waren. Och dëst Joer ass net alles wéi fréier, well um Knuedler gëtt grad geschafft. An dofir ass den Oktav-Mäertchen bei d’Gëlle Fra geplënnert. E Konzept, wat net jiddereen iwwerzeegend fënnt an och manner Leit unzitt wéi soss.