Agence eSantéDe Marc Hostert gëtt neie President

RTL Lëtzebuerg
Den héije Beamten am Ministère vun der Securité sociale iwwerhëlt domadder d'Successioun vu Christian Oberlé, dee d'Mandat op deem Posten net verlängert.

De Christian Oberlé wéilt sech op seng Aarbecht als President vun der Gesondheetskeess konzentréieren. De Cumul vu béiden Responsabilitéiten hätt an der Lescht ënnert anerem zu Konfusioune gefouert. A wier net am Interessi vum Projet eSanté, esou heescht et an engem Communiqué en Donneschdeg den Owend.

Hei de komplette Communiqué vun der Agence eSanté!

Back to Top
CIM LOGO