Där Fro ass den Direkter vum Dikrecher Kolléisch nogaangen. Zanter dem Lockdown de 16.Mäerz zu Lëtzebuerg verschafft de Marcel Kramer all Owend déi aktuell Zuelen. Dat mécht hien net nëmme fir sech selwer, mee publizéiert seng Diagrammen op engem soziale Netzwierk.
Den aktuellen Direkter vum Dikrecher Lycée Classique huet d'Lëtzebuerger Situatioun mat anere Länner verglach. Dëst ënner anerem fir ze gesinn, ob de Modell funktionéiert.
