
De Fonction Publiques-Minister Marc Hansen huet e Freideg de Moie live am Journal op d’Reprochë vun der CGFP reagéiert, datt mat den haarde Sanktioune misst direkt Schluss sinn. Et gouf deemno nach keng haart Sanktiounen, huet den DP-Minister wësse gedoen. Hien hätt beim zoustännegen an onofhängegen Commissaire au gouvernement nogefrot.
Marc Hansen:Dat sinn d’Fakten, déi dee Mann, deen eng onofhängeg Autoritéit ass, mir gëschter Owend gesot huet. An op déi Fakten, kann elo jiddereen aschätzen, wéi dann esou e Communiqué ze bewäerten ass. Dat man ech net. Ech mengen, elo kënnt d’Chrëschtzäit, da solle mer alleguerten e bësse Loft huelen, bëssen eng Kéier an eis goen an och an dëser schwiereger Zäit emol eng Kéier bëssen eisen Toun recadréieren, dat géif näischt schueden.
Bis ewell ass den 3G op der Aarbecht fakultativ, vum 15. Januar gëtt en obligatoresch. Et géif jo ëmmer gesot ginn, et misst ee Récksiicht huelen, dierft net splécken, mä da sollt een och op déi 450'000 Residente Récksiicht huelen, déi sech impfe gelooss hunn, an den Dokteren nolauschteren, déi viru schwierege Krankheetsverleef an enger Iwwerlaaschtung vum Gesondheetssystem warnen.
D’CGFP hat sech och beklot, den Homeoffice géif net eenheetlech beim Staat autoriséiert ginn. Mir recommandéieren als Regierung fir d’Staatsbeamten bis zu 4 Deeg Teletravail, do wou et méiglech ass, mä eenheetlech Reegelen wären net méiglech, seet de Marc Hansen. Op ville Plaze géif et net oder schlecht goe fir vun doheem aus ze schaffen.
Link: 2G-Regime gëllt vun e Freideg un an de Beräicher Sport a Fräizäit