Mat 31 Jo-Stëmmen, 8 Nee-Stëmmen an 21 Enthalunge gouf dat neit Gesetz en Donneschdeg an der Chamber gestëmmt. Mam neie Covid-Gesetz gëllt vun e Freideg Hallefnuecht (17. Dezember) un den 2G-Regime am Fräizäitberäich an am Horeca-Secteur, mat enger Exceptioun fir Jonker tëscht 12 an 19 Joer. Fir si gëllt en 3G-CovidCheck. Mam neie Gesetz ass dann och kloer, datt den 3G op der Aarbechtsplaz vum 15. Januar u wäert gëllen. Ma et sinn nach weider Neierunge vun der Regierung kommunizéiert ginn. D’Oppositioun bleift bei verschiddene Punkte weider kritesch, a wollt aus diverse Grënn dat neit Gesetz net matstëmmen.
D’Zuel vun de Covid-Neiinfektiounen ass héich. D’Hospitalisatiounen och. D’Regierung wëll reagéieren. Dat net, fir Leit duerch déi nei Mesuren auszegrenzen, wéi de Rapporter vum neie Covid-Gesetz, den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo ënnersträicht, mee fir de Virus anzegrenzen.
Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler kritiséiert de CovidCheck am private Beräich. Dëse wier am Prinzip richteg, mee d’Notifikatioun bei der Santé, wann een zu iwwer 10 Leit ass, wier besonnesch fir Chrëschtdag net realistesch. Et wier nämlech net ze kontrolléieren. Kontrolléiert gi wäert een awer an Zukunft, wann een an de Café, Restaurant oder zum Beispill an den Theater geet. D’Kontroll vun der Identitéit gëtt fir Organisateuren nämlech obligatoresch. Et wäert awer och méiglech sinn, Lëschten ze féieren, op fräiwëlleger Basis, falls Leit méi dacks an an aus ginn. D’ADR ass der Meenung, datt d’Mesuren ze wäit ginn an Auswierkungen hunn, déi iwwert d’Pandemie erausginn.
Direkt e puer Deputéiert hunn d’Kommunikatioun vun der Regierung kritiséiert. Datt Informatioune géingen erausgoen, déi net kloer genuch wieren a sou falsch Sécherheete géinge schafen. Och déi Lenk Deputéiert Nathalie Oberweis fënnt, datt d’Regierung misst besser informéieren an analyséieren.
Eng weider grouss Ännerung am Gesetz ass d’Aféierung vum 3G op der Aarbechtsplaz vum 15. Januar un. Dëse Punkt war dann och Géigestand vu vill Kritik, an den Haaptgrond, wisou d’Piraten d’Gesetz net wëlle matstëmmen. Déi Tester all Dag géinge 600 bis 700 Euro kaschten a Leit mat niddregem Salaire benodeelegen. D’ADR ass fir d’Impfung, mee och fir e massiven Asaz vu gratis Tester, ënnersträicht den ADR-Deputéierte Jeff Engelen.
Nei ass am Gesetz dann och, datt Jonker vu 16 Joer keng Autorisatioun vun den Eltere méi brauchen, fir sech impfen ze loossen. Bei Jonken tëscht 12 an 15 Joer muss nëmmen een Elterendeel seng Zoustëmmung ginn. D’Gëltegkeetsdauer vun de Covid-Tester gëtt erofgesat. Bei de Schnelltester vun 48 op 24 Stonnen, bei PCR-Tester vun 72 op 48 Stonnen. An nei ass och, datt et wäert eng Lëscht gi vu Krankheetsbiller wéinst deenen ee sech net kann impfe loossen. Dës Persoune wäerten dann en extra Zertifikat kréien.
Den Iwwerbléck vun den neie Mesurë fannt Dir och um Site vun der Chamber.
D’Staatsbeamten-Gewerkschaft huet en Donneschdeg de Moien an engem Schreiwes Bedenken um neie Gesetz, a Bezuch op den Employeur geäussert.
D’CGFP hätt an de Verhandlungen mat der Regierung, dem 3G op der Schaff just zougestëmmt, ënnert der Viraussetzung, dass Leit, déi kee valabele Certificat kënnen noweisen, weder disziplinaresch Strofe riskéieren, nach dass se d’Gefor lafen entlooss ze ginn.
Elo wier et awer esou, dass iwweräifreg Verwaltungen an der Iwwergangsphas bis Mëtt Januar drastesch disziplinar Mesurë geholl hätten, ebe géint net-conform Mataarbechter. An dat stéing deemno am krasse Widdersproch zum Kompromëss tëscht Gewerkschaften a Regierung.
D’CGFP kéint net toleréieren, dass Leit an der Fonction publique, déi d’Kontroll-Oplagen net erfëllen, schikanéiert géife ginn, an appelléiert dofir un d’Ministèren, sech elo schonns un déi nei Reegelen ze halen.
Problemer géif et och ginn, well d’Verwaltungen d’Dispositiounen a Punkto Home-Office ganz ënnerschiddlech géifen applizéieren, deels souguer guer net. D’CGFP hätt gär, dass hei eng eenheetlech a verbindlech Reegel misst gëllen.