Am Lycée VaubanDe Philosph Raphaël Enthoven: Wat ass Fräiheet?

Tim Morizet
Claudia Kollwelter
Wat ass Fräiheet? Gëtt et nieft der perséinlecher Fräiheet och eng gesellschaftlech Fräiheet? A wat bedeit dëse Begrëff am Kontext vun der Corona-Pandemie?
Philosoph Raphaël Enthoven
Wat ass Fräiheet? Gëtt et nieft der perséinlecher Fräiheet och eng gesellschaftlech Fräiheet? A wat bedeit dëse Begrëff am Kontext vun der Corona-Pandemie?

Wéi sech den 12. Mäerz 2020 d‘Gesondheetsministesch an de Premier virun d‘Kameraen an d’Mikroe vun der Press gestallt hunn, war esou muncher een erféiert. De Virus war deemools zwou Woche present, déi éischt konkret Mesure goufen annoncéiert.

„Déi Mesuren déi mer haut decidéiert hunn, si vun enger Envergure, ewéi mer se zu Lëtzebuerg nach net erlieft hunn. An den nächsten Deeg a Wochen ännert sech eisen Alldag a mir mussen eis upassen.“

Knapp 24 Méint méi spéit lieft de Mënsch zu Lëtzebuerg an a ganz Europa nach ëmmer mat engem groussen Deel vun de Restriktioune vun Ugangs der Pandemie.

„Mir si permanent beméit, eis Mesuren am Equiliber ze halen. Dat heescht wann nei Erkenntnisser kommen, ewéi och elo ronderëm Omikron, déi engem erlaben, bei esou restriktive Mesuren ewéi dem Isolement, déi ganz aschneidend sinn, zeréckzeschrauwen, da hu mer eis engagéiert dat och zäitno ze maachen.“

Philosoph Raphaël Enthoven / Rep. Claudia Kollwelter

Vill Mënschen hu sech duerch d‘Mesuren hannergaangen oder souguer ausgeschloss gefillt. Hir Onzefriddenheet dreift se op d‘Stroossen. Bei jiddwerengem ass et déi nämmlecht Fuerderung – mol schwäerz, mol wäiss, mee ëmmer déi eege Fräiheet. De franséische Philosoph Raphaël Enthoven huet seng Aschätzung ginn:

„Ech gesinn an dësem Fall just eng Exazerbatioun vu Passiounen, déi virdru schonn do waren. Leit, déi beim Thema Vaccinéiere méi kritesch sinn, gouf et och scho virdrun. D‘Gefill, datt d‘Gesetzer Liberticide sinn, och. Alles dat gouf et scho, mee déi Gefiller goufe wärend der Pandemie weider verstäerkt. Dat bréngt eis awer och gréisser Risken an der Zukunft.“

D’Pandemie wier voller Paradoxe gewiescht, esou de Philosophe kuerz viru sengem Optrëtt am Lycée Vauban. Ma et misst ee verstoen, datt eng Restriktioun net forcement eng Aschneidung an déi perséinlech Fräiheet ass.

„D‘Awunner an Europa an um Rëscht vum Planéit goufe gezwongen, en Effort ze maachen an ze verstoen, datt eng Restriktioun vun der Fräiheet, net onbedéngt eng Restriktioun vun der Fräiheet ass. Mee se ass an enger Pandemie-Period eng Konditioun vun der Fräiheet. Op pedagogeschem Niveau ass et eng grouss zousätzlech Valeur am Sënn, datt weltwäit gewise gouf, datt d‘Droe vun enger Mask, oder eng gewëssen Unzuel vu Restriktioune kee Liberticide sinn. Mee datt mer manner fräi wieren an enger Welt ouni Restriktiounen, well an enger Welt, wou een deen aneren nach méi ustécht, si mer net frei.“

Dat géif och fir d‘Impfflicht gëllen.

„Wann dir een ustiecht an déi Persoun huet duerno e schwéiere Verlaf well se nach net vaccinéiert gouf, dann ass där Persoun hir Fräiheet riskéiert. Ech gesinn hie kee Liberticide. Et ass net méi Liberticide, obligéiert ze si fir sech ze vaccinéiere wärend enger Pandemie, ewéi obligéiert ze sinn, fir seng Steieren ze bezuelen oder bei enger rouder Luucht stoen ze bleiwen.“

Et misst een awer och eppes Positives aus deene leschten zwee Joer zéien, esou de Philosoph: d‘Solidaritéit wier net just e Prinzip. Déi lëscht 24 Méint hätte bewisen, datt d‘Leit verbonne wieren – och wa se sech net kenne géingen.

Back to Top
CIM LOGO