
Dat hätt hie vun der Police verséchert kritt, sou schreift et de Policeminister Henri Kox an der mëttlerweil zweeter Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierten Gloden a Mosar. Déi haten hir Fro jo nach eemol geschéckt, well se mat der éischter Äntwert net zefridde waren.
Den Minister Kox gëtt dann och weider Prezisiounen: De Kommissariat op der Gare wier temporär zou gewiescht wéinst enger Serie un Absencen, déi een net hätt kéinte virausgesinn. 4 Beamten aus dem Kommissariat wiere jo an Untersuchungshaft an e puer anerer am Krankeschäin. D‘Missioune vun der Police am Garer Quartier wieren awer zu all Zäit assuréiert gewiescht, sou heescht et weider.