
Am Avis hält d’Delegatioun fest, datt d’Mataarbechter net ëmmer wëssen, wéi eng Begleetstruktur - sief et Ressources Humaines, Ombudsbüro, Whistleblowing-Plattform – woufir zoustänneg ass. Mee datt et och aner Bremse gëtt, déi verhënneren, datt d’Mataarbechter Probleemer mellen. De Frédéric Krier vum OGBL verweist op den immens héijen Undeel vu CDDen, also befristen Aarbechtskontrakter, am Secteur vun der Recherche. Dofir géif sech ëmmer d’Fro vun de Perspektive stellen.
“Dat heescht, si hunn Angscht, net an der Karriär weiderzekommen. Oder eeben, dass de CDD net erneiert gëtt. Oder vläicht och tatsächlech direkt d’Angscht vu Repressailen, virun Avertissementer, deenen se sech kéinten aussetzen, ob elo berechtegt oder onberechtegt. Mee et ass einfach ee Retour, dee mer hunn. Also dat ass kloer.”
D’Personaldelegatioun stellt och fest, datt Angscht viru Repressalien a Vergeltung, respektiv de Manktem u Schutzmesuren de Fonctionnement vun der Uni hirem Whistleblowing-Kanal behënnert.
“Et gëtt déi extern Plattform, an do gëtt da gekuckt, ass dat do wierklech e Fall vu Whistleblowing oder net, an da geet d’Informatioun awer fir d’éischt emol weider un de Recteur, ausser de Recteur wier lo selwer perséinlech betraff. Da geet et un de Conseil de gouvernance. An do menge mir e bëssen, dass dat awer bëssen, dass dat d’Leit dovunner ofhält awer, fir dat ze benotzen.”
Fir deem entgéint ze wierken, mengt de Fréderic Krier, et kéint een en eegestännege Poste schafen. D’Personaldelegatioun kritiséiert awer och déi vertikal Gouvernance vun der Uni, also d’Geréiere vun uewen erof. Bei der leschter Reform vum Unisgesetz wier zwar eng laang OGBL-Fuerderung ëmgesat ginn. Zanterhier huet de Conseil universitaire (CU) zwee Vertrieder am Conseil de Gouvernance, also dem Verwaltungsrot vun der Uni. Och d’Personalvertriedung an d’Studente sinn elo vertrueden. Mee de Conseil universitaire, d’Assemblée vun der Uni, bedauert de Fréderic Krier, “huet am Fong och weiderhi just eng consultative Roll. Dat heescht, do kënne mir eis iergendwéi virstellen, dass deen och méi tatsächlech Entscheedungskompetenze géif kréien, bei akademesche Froen. Bon, an dann hu mer eeben och eng ganz stäerkt Wuesstum gehat vun der Uni, deen eigentlech par rapport zur interner Organisatioun net ëmmer esou begleet gouf, wat natierlech och dann zu Tensiounen dobäi féiert.”
Villes vun deem, wat elo op d’Tapéit kéim, ass fir de Gewerkschaftler net nei, mee symptomatesch fir de ganze Secteur. Dofir hat d’Gewerkschaft scho viru Joren eng Campagne wéinst Mobbing gemaach.
“Mee et ass eebe ganz, ganz kompetitiv, wéi villes eeben ausgeriicht ass. Et muss een iergendwou extern Fongen organiséieren, fir d’Recherche ze finanzéieren. Et gëtt ganz begrenzt Méiglechkeeten iergendwéi intern Karriär ze maachen.”
D’Wale fir en neie Vertrieder vum Conseil universitaire am Verwaltungsrot vun der Uni e Méinden, bei deenen de Geschichtsprofesser Benoît Majerus ugetruede war, hu kee Resultat bruecht. Dat sot de Regierungskommissär Léon Diederich op Nofro. Deemno muss nach emol gewielt ginn. Wien déi aner Kandidate waren, wollt weder hien, nach de Pressebüro vun der Uni soen. Dës Wale sinn noutwenneg, well de Vertrieder vu bis elo, Ludger Wirtz, aus dem Conseil de Gouvernance, also dem Verwaltungsrot, zréckgetrueden ass. Hien an enger Mail un d’Luxemburger Wort ënnert anerem d’Couverture vun de Virgäng op der Uni kritiséiert. Hien war och an de Comité de pilotage fir den Audit genannt, deen d’Uni an Optrag gëtt.
Nodeems RTL d’lescht Woch heiriwwer an iwwert déi kontroverséiert Wal vun der aner Vertriederin vum Conseil universitaire am Verwaltungsrot geschriwwen hat, huet deen a senger Reunioun e Freiden decidéiert, datt keng “intern Memberen” vum Verwaltungsrot am Comité de pilotage fir den Audit solle sinn. Dat fir all potenziellen Interessekonflikter oder engem Androck vu institutioneller Partialitéit aus dem Wee ze goen, wéi et an engem Schreiwen un d’Unisgemeinschaft heescht.