
An der Nuecht op en Dënschdeg sinn d'Temperaturen zerguttstert an de Minusberäich gesackt. Et housch also, sech waarm undoen. Géint 7 Auer goufe -6 Grad zu Schengen a -13 Grad zu Schëmpech gemooss.
FOTOEN vum Schnéi an der Keelt uechtert Land:
De ganzen Dag iwwer sinn d'Temperaturen net iwwer 0 Grad geklommen.
En Dënschdeg de Mëtteg vu 16 Auer un ass dunn Schnéi dobäikomm. Vu Westen hier huet sech eng Front annoncéiert.
Am Cumul sinn 2 bis 5 cm méiglech, dat nach bis e Mëttwoch de Mëtteg 12 Auer, esou Meteolux.

Um Dënschdeg den Owend an um Mëttwoch de Moien heescht et dann och gutt Uecht dinn, wann een op de Stroossen ënnerwee ass: Et ass kal, et läit Schnéi an et ass natierlech glat!


An der Nuecht op e Mëttwoch loungen d'Temperaturen tëscht -3 a -8 .
De Mëttwoch selwer soll dréche bleiwen, mat Temperaturen tëscht -3 an 0 Grad.
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder? Hei all d'Infoen an de Bléck vun eise Panorama-Kameraen.DIR WËLLT EIS eng Meteosfoto schécken? Esou geet et!
METEO: Livecam - de Bléck vum Héichhaus.
TRAFIC: Aktuell Informatiounen.
TRAFIC: Cita-Kameraen A1.
TRAFIC: Cita-Kameraen A3.
TRAFIC: Cita-Kameraen A4.
TRAFIC: Cita-Kameraen A6.
TRAFIC: Cita-Kameraen A7.
TRAFIC: Cita-Kameraen A13.
INFOEN? Gitt Trafic-Reporter.
De Schnéi ass ukomm! Fotoen vu Rëmerschen (22.01.2019)