Caritas-AffärDe Staat gëtt der Caritas e Kredit, fir hir Aktivitéite kënnen ofzewéckelen

Maxime Gillen
Carine Lemmer
Monica Camposeo
D'Caritas huet nach Sue vum Staat fir hir Aarbecht ze kréien an international Organisatiounen, déi vun der Caritas ofhänken, kréien ënnert d'Äerm gegraff.
De Staat gëtt der Caritas e Kredit, fir hir Aktivitéite kënnen ofzewéckelen
D’Caritas huet nach Sue vum Staat fir hir Aarbecht ze kréien an international Organisatiounen, déi vun der Caritas ofhänken, kréien ënnert d’Äerm gegraff.

E Mëttwoch souzen am Ganze siwe Chamberkommissiounen zwou Stonne laang beieneen, fir Informatiounen iwwer d’Caritas ze kréien.

De Premier Luc Frieden an den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel an d’Ministere Claude Meisch (Educatioun) a Max Hahn (Famill) hunn d’Deputéiert op de leschte Stand bruecht.

Aussen- a Kooperatiounsministère sicht no Solutioune fir Caritas-Projeten am Ausland

No der Reunioun huet de Xavier Bettel zwar erkläert, de Staat kéint net d’Kasko-Assurance sinn, wann ee geklaut huet. Ma d’Zil wier et awer, deenen Äermste weider ze hëllefen. Dowéinst huet LuxDev, also déi staatlech Kooperatiounsagence, den Optrag kritt, ze kucken, ob si verschidde Caritas-Projete kéint iwwerhuelen. Parallel géif ee mat aneren Organisatioune schwätzen, ob déi dës Projeten eventuell kënnen um Liewen halen, esou de Xavier Bettel.

„Am Südsudan si mir amgaangen, zum Beispill mat der Caritas Holland ze kucken, ob déi net zum Beispill nach kéint ee Joer méi de Projet nächst Joer maachen. Wat da géif erlaben, vläicht ze kucken, ob mir en aneren Träger kéinte fannen, fir dee Projet weider ze féieren, well dat e Projet ass, deen der Oppositioun an der Majoritéit hei zimmlech wichteg war. Da kucke mir wierklech all Méigleches ze maachen, fir datt dat och kéint klappen. Ech soen elo keng Nimm, mä mir hunn ONGen, déi eis soen, mir kéinten dat maachen an dann hu mir en Echange mat hinnen an da soe si op eng Kéier, nee, mir kënnen et awer net maachen. Et ass wierklech ganz, ganz schwéier previsibel, Iech kënnen ze soen, wat definitiv do erauskënnt oder net.“

Weider huet de Xavier Bettel erkläert, datt ee wëlles hätt, Organisatiounen ze hëllefen, déi duerch d’Verschwanne vun der Caritas an d’Laberente gerode sinn.

„Mir hunn déi lescht Deeg vun der Caritas matgedeelt kritt, datt Kollateralschied kéinten entstoen. Dräi Associatiounen zum Beispill a verschiddene Länner riskéieren ze verschwannen, wa se keng Hëllef kréien, déi och Projete fir eis maachen. An do hunn ech am Ministère gekuckt, datt mir eng Enveloppe vu bis 200.000 Euro am Moment fannen, fir déi dräi Associatioune kënnen um Liewen ze halen. Et geet ëm ukrainesch Hëllef a Moldawien, et geet ëm Leit am Mali an et geet ëm e Projet an der Tierkei no Äerdbiewen. An do si mir am gaangen ze kucke, wéi mir kënne weiderhëllefen.“

Vun de Suen, déi den Aussen- a Kooperatiounsministère der Caritas fir Servicer am Ausland scho ginn hat, si virleefegen Zuelen no eng 4,7 Milliounen Euro duerch d’Fraude bei der Caritas verschwonnen.

De Staat assuréiert d’Liquiditéiten, fir d’Caritas-Aktivitéite kënnen ofzewéckelen

Déi aktuell Caritas soll hir Aktivitéiten iwwerdeems kënnen uerdentlech ofwéckelen, esou de Premier Luc Frieden. Dofir missten nach e puer Mataarbechter déi néideg Decomptë maachen.

„Mir sinn der Caritas opgrond vun den Decompten héchstwarscheinlech nach e bësse Sue schëlleg. Well all Mount prestéiere si jo eppes an da kréie si och Suen dofir. An dofir hu mir gesot, da maache mir e klengen Iwwergangskredit. Mir ginn net déi Suen, well dat geet net wéinst de Banken. Da maache mir e klengen Iwwergangskredit bis Enn des Joers, dee mir garantéieren duerch eng Hypothéik op Immobilië vun der Caritas, fir datt se kënnen déi nächst puer Méint déi puer Leit, déi nach an där aler Struktur bleiwen och kënne bezuelen.“

Bis Mëtt Oktober hätt de Staat der Caritas wuel nach 4 bis 5 Milliounen Euro fir hir Servicer ze ginn. Domat soll dann de Kredit kompenséiert ginn, deen de Staat der Caritas elo garantéiert, fir déi Leit ze bezuelen, déi d’Associatioun sollen ofwéckelen.

Déi politesch Stëmm vun der Caritas soll och erhale bleiwen

Déi politesch Aarbecht vun der Caritas hätt hien ni als Kritik un der Regierung ma als eng nëtzlech Stëmm aus dem soziale Secteur empfonnt, esou de Luc Frieden no der Entrevue mat den Deputéierte vu siwe Chamberkommissiounen iwwer d’Caritas-Affär. Dowéinst géif hien och probéieren, deene concernéierte Mataarbechter, déi jo net an déi nei Struktur Hëllef um Terrain iwwerholl goufen, ze hëllefen. Mat deenen hätt d’Regierung schliisslech rezent eréischt zum Thema Kanneraarmut zesummegeschafft.

„Hei schwätze mir vun zwou Persounen. An eisem Land ginn all déi Stëmmen do gebraucht. Mir sinn um kucke mat de Kolleegen an der Regierung, ob een déi Leit net kann an deem Aarbechtsprozess, dee mir maachen hei zu Lëtzebuerg, fir d’Kanneraarmut ze reduzéieren, fir Sozial-Analysen ze maachen, ob een deenen net op anerer Plaz kann hëllefen, eng Plaz ze kréien. Do lafe Gespréicher, esou datt ech mengen datt dee Plaidoyer Politique scho wäert fir Lëtzebuerg erhale bleiwen.“

Ob d’Mataarbechter vun der Caritas duerch en Transfert d’entreprise hätte musse vun Hëllef um Terrain iwwerholl ginn, oder ob et richteg war, all d’Kontrakter eenzel opzeléisen an nei z’ënnerschreiwen, dozou wollt de Luc Frieden sech net äusseren. Dat misst elo dat zoustännegt Geriicht decidéieren.

Oppositioun gesäit 180-Grad-Wendung

D’Djuna Bernard vun déi Gréng féiert dës nei Annoncen op den Drock vun der Oppositioun an der Press zeréck.

„Wann een op de Plaidoyer Politique kuckt beispillsweis, do gouf virun zwou Wochen nach gesot, dass dat kee Sujet ass, dass do d’Regierung sech net an der Verantwortung gesäit. Haut huet dat schonn emol aneschters ugeklongen. D’Kooperatioun huet och entretemps e bëssen eng aner Nues kritt, do schéngt de Kooperatiounsminister awer duerchaus sech lues a lues bewosst ze ginn, dass en awer do eng wesentlech Verantwortung ze droen huet. Och do schéngt sech e bësselchen eppes ze doen. An do, wou ech awer och wierklech erliichtert sinn ass, par rapport, zu deene Leit, déi an de Risiko lo gefall wieren, fir an e Sozialplang ze goen, dass do anscheinend d’Regierung probéiert, fir Léisunge fir déi betraffe Leit ze fannen.“

D’Oppositioun huet allgemeng erstaunt reagéiert, datt elo op eemol Suen do wieren, fir der Caritas ze hëllefen. Der Fraktiounscheffin vun der LSAP Taina Bofferding ass dat Ganzt awer net transparent genuch ofgelaf.

„U sech sinn ech iwwerrascht, well viru Wochen et nach geheescht huet, et géif keen ee Frang méi vun der Regierung a Richtung Caritas goen. Elo maache se dann en Iwwergangskredit. Och hei ass d’Fro, war dat net éischter méiglech, dat schonn ze annoncéieren, dat ze iwwerpréiwen? Och dat hätt schonn e bësse méi Rou erabruecht. Finalement ass et natierlech gutt, dass déi Rechnungen do och kënne gedeckt ginn. Mä dat weist einfach dat Gemauschels an dat Gewurschtels do, dass net direkt do Fakten op den Dësch geluecht ginn, an dass iwwerpréift gëtt, fir deementspriechend Decisiounen ze huelen.“

Gemauschels a Gewurschtels huet och de Marc Baum vun déi Lénk dat Ganz genannt. An als eenzeg Katastroph bezeechent.

D’Oppositioun „vermësst“ den Aarbechtsminister

Wéinst der Kritik, déi opkomm ass, wéinst de Kontrakter vun de Caritas-Mataarbechter, déi elo vun Hëllef um Terrain iwwerholl goufen, hate sech eng Rei Deputéiert och Äntwerte vum Aarbechtsminister Georges Mischo erwaart, ma dee war guer net do. Dat huet ënnert anerem de Marc Baum bedauert.

„Den Aarbechtsminister, dee jo och Sportminister ass, ass an zwou Sportaarten immens gutt: entweder zréckrudderen oder ofdauchen. Hei ass en ofgedaucht. Evidenterweis ass dat do eng Fro fir d’ITM. An déi steet an der Loft schonn zënter e puer Deeg. An et hätt ee gären, ech hat mer eng ganz Rëtsch Froe preparéiert fir den Aarbechtsminister. An ech fannen et inakzeptabel, datt hien an esou engem krasse Sozialkonflikt einfach verschwënnt.”

De Premier Luc Frieden ass e Mëttwoch den Owend dann och Invité am Journal op der Tëlee.

Back to Top
CIM LOGO