
Et wieren Ännerungen op enger Partie Niveauen néideg, betount de President vum Gemengesyndicat, den Emile Eicher. Besonnesch e bessere Schutz viru Kënnegunge misst gi sinn, wéi dat och an eisen Nopeschlänner de Fall ass. Dëse Schutz soll awer net eréischt gräifen, wann d'Persoun bis gewielt gouf, mä och scho virdrun an nach dono. Also scho wa se sech op eng Lescht setzt a mat an de Walkampf geet, an nach Méint, nodeems se aus hirem Amt ausgescheet ass. Orientéiert gi kéint sech hei zum Beispill bei de Leit, déi e Posten an der Personaldelegatioun haten, an nach 6 Méint no hirem Ausscheede Kënnegungsschutz hunn. Eng Rechtfäerdegung fir eng Kënnegung soll awer nach ëmmer d'Faute grave bleiwen.
Och de Congé politique vu gewielte Gemengepolitiker war Thema. Dëse misst onbedéngt eropgesat ginn, seet den Emile Eicher. A klengen oder mëttlere Gemenge wier den Aarbechtsopwand an eenzele Ressorte mëttlerweil sou grouss wéi a grousse Gemengen, seet d'Buergermeeschtesch vu Buerschent, d'Annie Nickels-Theis. Schliisslech hätt een net fir alles en eegene Service a klengen a mëttelgrousse Gemengen.
Awer och den Employeure misst een an Zukunft besser entgéintkommen. Dofir sollen dës net nëmmen 1 Mol am Joer entschiedegt gi fir hiren Aarbechter, deen duerch de Congé politique an der Entreprise feelt, mä eventuell pro Trimester, Semester oder esouguer pro Mount. Méi schwiereg ass d'Situatioun awer fir Employéën, déi méi verdéngen, wou de Patron dann net méi voll fir säin Employé vum Staat entschiedegt gëtt. Woubäi hei unzemierken ass, dass d'Entschiedegung op 5 Mol de Mindestloun gedeckelt ass. E Problem bleift awer och, datt de Patron d'Plaz net kann onbesat loossen, bis de Gemengepolitiker méiglecherweis zréckkënnt. Heefeg si fir den Employé, deen no Joren zréck an de Job kënnt, och Formatiounen néideg. Sief et well en eben ze laang aus dem Beruff eraus war, oder déi Plaz, déi en hat, besat ass. Aus dësem Grond sprécht de Syvicol sech dofir aus, datt all gewielte Gemengepolitiker e Recht op 3 Deeg Weiderbildung pro Joer huet.
Generell hofft een, duerch déi nei Mesurë méi Leit aus der Privatwirtschaft an awer och méi Fraen an d'Politik ze kréien, a sou e méi diversifiéiert Bild ze hunn. De Sujet vun engem besser definéierte Statut fir Gemengepolitiker mat méi Schutz war opkomm, nodeems de Beetebuerger CSV-Buergermeeschter Laurent Zeimet am Kader vun der Entloossungswell beim Lëtzebuerger Wort am November zejoert entlooss gi war. Dobäi hat hien zanter Jore 40 Stonne Congé politique bei Saint-Paul.
E weidere Sujet bei der Reunioun an der Stater Gemeng war den Naturpakt. Dëse géing ee begréissen, sou den Tenor an der Sëtzung, mä d'Ufuerderungen un d'Gemenge wieren ze héich. Et géing een hei vun 0 op 100 goen. D'Fuerderung vum Syvicol ass, datt ee fir d'éischt de Pakt attraktiv fir d'Gemenge mécht a méi liicht Krittäre setzt, wéi dat och beim Klimapakt de Fall war. Den DP-Buergermeeschter vu Miersch, de Michel Malherbe, kritiséiert, datt géingen ze vill Terraine blockéiert ginn. Et bräicht ee schliisslech Wunnengen. Och den Escher CSV-Buergermeeschter Georges Mischo seet, et misst een an där Hisiicht onbedéngt e Konsens fannen. Et kéint een a puncto Entwécklung vun der Stad net gebremst ginn an zur Geisel vum Ëmweltministère ginn. Bei dësem Theme wieren nach weider Gespréicher mam Ministère néideg, sou den allgemenge Constat.