Vun 2026 u soll zu Käerjeng, am Süde vum Land, un der méiglecher Produktioun vu gréngem Waasserstoff geschafft ginn. Dofir soll 100 Prozent erneierbare Stroum genotzt ginn. Nohaltegkeet soll allgemeng bei dësem Projet am Fokus stoen.
Donieft soll d’Produktioun vu Waasserstoff och studéiert an analyséiert ginn, fir dass d’LuxHyVal net déi eenzeg bleift, mee och weiderer an anere Länner inspiréiere kann. Eng Iddi wier et, de Projet an d’Ukrain z’exportéieren, fir nom Krich konkret an innovativ Projeten unzefänken.
Beneficiairë vum gréngen Hydrogène sollen Industrien hei am Land sinn. Zum Beispill sollen am Transportsecteur Sales-Lentz an TICE Deeler vun hire Flotten duerch Busser ersetzen, déi mat Waasserstoff fonctionéieren. De Wirtschaftsminister Lex Delles huet ervirgehuewen, dass Lëtzebuerg sech net eleng op déi auslännesch Produktioun verloosse kann:
Ma net just d’Betriber solle vun der Produktioun profitéieren, mee och d’Recherche. D’Entwécklung vum gréngen Hydrogène soll analyséiert an erfuerscht ginn.
D’Luxembourg Hydrogene Valley gëtt vu 17 Partner gedroen, aus siwe verschidde Länner. D’Uni Lëtzebuerg koordinéiert de Projet. De globale Budget ass vun 39 Milliounen Euro.
