Invité vun der Redaktioun (28. Mäerz)De Sven Clement ë.a. iwwer d'Zesummenaarbecht mat der PID

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch war de President vun der Piratepartei.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Sven Clement
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Chamber a Facebook kenne frou sinn, datt d'Date-Fuitte virum 25. Mee geschitt sinn, ier déi nei Dateschutzregulatioun a Kraaft trëtt a Mëssbrauch vun Donnéeë vill méi streng bestrooft ginn. 
Dat sot de Sven Clement, President vun der Piratepartei e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview.

Dernieft wier et immens penibel, wann eng vu den héchsten Institutiounen, an engem Land wat sech „Digital Luxembourg“ nennt, esou schludderesch mat Date géif ëmgoen an esou onsouverän op Reprochen an Faite géif reagéieren.

Datt Piratepartei an d'Partei fir integral Demokratie, d'PID, zesummen an d'Chamberwalen ginn, fir esou méi Stëmmen ze kréien, wier eng Kooperatioun keng Fusioun. Den Invité vun der Redaktioun Sven Clement huet erkläert, datt sech d'Programmer vu béide Parteien op ville Punkten iwwerschneiden, wéi Grondakommes, Transparenz a Biergerbedeelegung.

Piraten an PID wieren eng gutt Alternativ zu den traditionelle Parteien, wëll déi de Leit ënnert anerem Angscht maachen an der Wuesstemsdebatt, a sech trotz gemeinsamer Regierungsbedeelegung, elo virun de Wale zerfleesche géifen, sou nach de Piratepresident Sven Clement.

Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch war de President vun der Piratepartei.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO