
Anescht wéi een hätt kënne mengen, war d’Sécherheet net d’Haaptuleies vun den Awunner aus de Quartiere Gare a Bouneweg, wéi de Schäfferot en Dënschdeg den Owend fir eng Biergerversammlung op der Plaz war. De Vëlo an d’Mobilitéit am Allgemenge louchen de Leit op d’mannst genee esou vill um Mo.
Fir d’éischt huet de Schäfferot awer emol de Bilan gemaach vun deem, wat en zënter 2017 geschafft huet - an den Ae vun engem Deel vun der Oppositioun eng Walveranstaltung.
“Ee Joer virun de Gemengewalen organiséiert de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg Quartiersversammlungen, fir sech selwer ze luewen an iech gleewen ze dinn, et hätt een ëmmer en oppent Ouer fir Iech.”
Dat sinn d’Wieder aus engem Schreiwes, dat Vertrieder vun déi Lénk de Leit virun der Reunioun an de Grapp gedréckt hunn.
Eng Stonn laang hunn d’Leit dunn och emol der Buergermeeschtesch an de Schäffen nogelauschtert, wéi jiddereen erkläert huet, wat a senge Ressorte geschafft gi wier.
De leschte Sujet vun där Presentatioun war d’Sécherheet an et hätt ee kënne mengen, dat wier een, iwwert deen d’Leit vill Froen oder Remarken hätten, mä nee. Et goung fir d’éischt mol ëm Weeër, Parkplazen a Boxe fir d’Vëloen.
Méi wéi sécher déi jéngst Nolauschterin am Sall huet dunn iwwert dat geschwat, iwwert dat soss virun allem déi Erwuesse schwätzen: “Wat mech stéiert ass am Fong, datt ech mech am Allgemengen zu Bouneweg net ëmmer sécher fillen an e bëssen Angscht hu virun deenen, déi Alkohol drénken an déi da besoff sinn.”
D’Buergermeeschtesch huet verséchert si kéint dat gutt novollzéien, mä et wier Hëllef do, zum Beispill a Form vum Projet “À vos côtés”.
Donieft huet d’Buergermeeschtesch geroden, eventuell e Cours ze maachen an deem ee léiert, sech selwer ze verdeedegen. Erfarungen, déi deen een oder anere scho gemaach huet.
Datt ee selwer méi fir d’Sécherheet wéilt maachen, mä datt d’Repressioun net an d’Kompetenze vun der Gemeng fält, dodrun hat ënnert anerem den CSV-Schäffe Laurent Mosar erënnert.
Trotzdeem géing sech d’Gemeng och fir eng Verbesserung vun der Situatioun asetzen, zum Beispill a reegelméissege Reunioune mat der Justizministesch a mam Policeminister. Do dierft och heiansdo méi hëtzeg diskutéiert ginn, wéi an der Quartiersversammlung zu Bouneweg, wou et och dat eent oder dat anert Kompliment fir d’Aarbecht vun de Politiker aus der Stad Lëtzebuerg gouf.