Dëse Wanter war liicht méi vereent an an der Moyenne ëm 1,3 Grad méi waarm ewéi déi leschte Joren. De Klimawandel wär dohier och hei bei eis zu Lëtzebuerg ukomm.
Fir déi Responsabel aus dem Waasserwirtschaftsamt huet et iwwert de Wanter net genuch gereent. Virun allem tëscht Oktober an Dezember huet et u Reen gefeelt.
Dem Weltklimarot no wäerten d’Temperature weltwäit tëscht 2040 an 2050 ëm wéinstens 1,5 Grad Celsius klammen. Dës Tendenz huet och Auswierkungen op Lëtzebuerg.
D’Drénkwaassersituatioun wär den Ament nach net alarmant bei eis. Et misst een awer an Zukunft méi spuersam mam Waasser ëmgoen. Déi lescht 10 bis 15 Joer ass nämlech net vill Reen gefall.
Duerch de Klimawandel missten och d’Bauere bei hirer Bewirtschaftung vun de Felder ëmdenken.