Zwee Deeg laang steet d’Fauna an d’Flora am Mëttelpunkt. D’Natur gëtt gefeiert. An Zäite vu Canicule an aussergewéinlech héijen Temperature fir dës Joreszäit gëllt et sech seriö Gedanken ëm de Klimawandel an déi verbonne Konsequenzen ze maachen.
D’Fest vun der Natur vun “Natur an Ëmwelt”, dat viru ganz ville Joren zu Diddeleng spontan organiséiert gouf, ass mëttlerweil net méi aus dem Kalenner ewech ze denken.
Hannert dem Haus vun der Natur ass dëse Weekend op 50 verschiddene Stänn eng lass. Allerlee Aktivitéite ginn dem Public ugebueden - engem Schmadd kann een zum Beispill iwwer d’Schëllere kucken.
D’Liewensraim vun Deieren a Planze schützen a Biotope protegéieren, ewéi zum Beispill d’Schlammwiss. D’Naturschutzgebitt zu Iwwersiren erstreckt sech op 20 Hektar a spillt eng wichteg Rol am Déiereschutz. Et gëllt, suergsam mat de Ressourcen ëmzegoen. De Mënsch misst seng Gewunnechte vu Wunnen a Fueren änneren.
Beim Fest vun der Natur ginn d’Visiteure sensibiliséiert. E Sonndeg ass ee vu moies 10 Auer bis owes 18 Auer op der Kockelscheier beim Haus vun der Natur wëllkomm.