Invité vun der Redaktioun (29. Januar) - Marco WagenerDe Wirtschafts- a Sozialrot muss nach méi visibel ginn

Pit Everling
En Dënschdeg de Moie war den Nach-President vum Wirtschafts- a Sozialrot eisen Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Marco Wagener
En Dënschdeg de Moie war den Nach-President vum Wirtschafts- a Sozialrot eisen Invité vun der Redaktioun.

De Wirtschafts- a Sozialrot sollt méi visibel ginn a méi un der Ëffentlechkeetsaarbecht schaffen. Dat sot de President Marco Wagener en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview.

9 Avise goufe während senger Présidence Public gemaach, Avisen déi d'Regierung freet oder mat deenen de CES sech selwer beoptraagt.

D'Analysen an d'Recommandatioune vum Berodungsorgan gi vun der Politik och allgemeng seriö geholl.

De Marco Wagener

Dem Marco Wagener säi Mandat vun 2 Joer geet geschwënn op en Enn. Successeur vum Gewerkschaftler gëtt de Jean-Jacques Rommes, dee vun der Säit vum Patronat kënnt. De Marco Wagener dee Vize-Präsident bleift, geet vun enger gudder Zesummenaarbecht aus a mengt net, datt de Conseil économique et social sech elo méi a Richtung Patrone wäert beweegen, de Conseil wier neutral a géing och an Zukunft en Equiliber tëscht den zwou Säite sichen.

Datt d'Regierung sech an der lescht ze vill op d'Säit vum Salariat geschloe soll hunn, dat wollt den Nach-President vum CES net confirméieren.

Déi finanziell Situatioun vum Land wär den Ament iwwerdeems ganz gesond. Et kéint also investéiert ginn. Mä et géif eng
sozial Schiflag déi ee misst an de Grëff kréien, d'Inegalitéite géinge leider zouhuelen, esou nach de Marco Wagener.

En Dënschdeg de Moie war den Nach-President vum Wirtschafts- a Sozialrot eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO