"Et si Biller, déi een ni vergësst"De Xavier Bettel ass an d'Ukrain gereest

Jeannot Ries
Op Invitatioun huet de Lëtzebuerger Premier en Dënschdeg den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj zu Kiew getraff.
De Xavier Bettel ass an d'Ukrain gereest
Op Invitatioun huet de Lëtzebuerger Premier en Dënschdeg den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj zu Kiew getraff.

Aus Sécherheetsgrënn gouf d’Visitt vum Xavier Bettel bis déi lescht Minutt geheim gehalen. En Dënschdeg ass hien an d’Krichsgebitt gereest an hat eng Entrevue mam President Selenskyj. “Et si Biller, déi een ni vergësst”, sot de Xavier Bettel, deen op der Plaz Leit begéint huet, déi Famill a Frënn am Krich verluer hunn a sech konnt ee Bild maache vun der deels kompletter Zerstéierung.

Wéi d’Lëtzebuerger Delegatioun ronderëm de Premier an de Moiesstonnen zu Kiew ukomm ass, war eent schonn erreecht: “dem ukrainesche Vollek weisen, datt mer se net vergiessen, datt mer hinnen zur Säit stinn” sou de Xavier Bettel.

Direkt no der Arrivée goung et fir de Xavier Bettel an e puer Stied am Norde vum Land, déi vun de russeschen Truppen ugegraff goufen. Do huet hien d’Zerstéierung mat eegenen Ae gesinn. Ugefaange mat Borodjanka, ronn 60 Kilometer vun der Haaptstad ewech. Ee Mount russesch Belagerung huet hei déif Spueren hannerlooss. Grad wéi zu Butscha, eng Stad, déi zum Symbol vun der russescher Barbarei a vu Krichsverbrieche gouf. Hei huet de Premier ënner anerem e Site besicht, op deem nom Réckzuch vun de russeschen Truppen e Massegraf mat 200 Läiche fonnt gouf. Iwwer 400 Doudeger goufe mëttlerweil zu Butscha entdeckt. Vill vun hinne goufen higeriicht.

“Mir kënnen hëllefen, mat de Moyenen, déi mer hunn, andeems d’Staaten aus dem Westen d’internationaalt Recht respektéieren. Just ee Land géif an dësem Krich dat Recht verletzen... Russland”, sou de Xavier Bettel, dee weider drop hiweist, datt och Lëtzebuerg Waffen un d’Ukrain liwwert. Awer och humanitär ass een aktiv. Weider Projete sollen ënnerstëtzt ginn. Zum Beispill gëtt gepréift, ob d’Lëtzebuerger Kooperatioun e Containerduerf fir Leit aus der Ukrain finanzéiere kann.

Nieft Borodjanka a Butscha goung et och op Irpin. Iwwer 70% vun de Gebaier goufen an där Stad duerch russesch Attacke beschiedegt oder komplett zerstéiert. Grad dowéinst kéint een d’Männer an d’Fraen nëmme bewonneren, déi probéieren, Stied wéi Irpin oder Butscha erëm opzebauen. Deemno kënnt och de Xavier Bettel zu enger änlecher Konklusioun wéi seng Homologen no hire Visitten am Viruert vu Kiew.

Zeréck an der Haaptstad stounge mëttes politesch Entrevuen um Programm. Ënner anerem mam ukrainesche President Selenskyj. En Theema, dat beim Treffen dominéiert huet, war de Statut vum EU-Bäitrëttskandidat. Lëtzebuerg ass eent vun de Länner an der EU, déi grad wéi d’Kommissioun, dat sech kloer zu Gonschte vum Statut vum Bäitrëttskandidat ausgeschwat huet. De Premier Xavier Bettel schwätzt vun enger “moralescher Flicht.”

Seng emotional Rees an d’Krichsgebitt Ukrain huet hie mat dëse Wierder beschriwwen: “une leçon d’humilité '', am direkte Kontakt mat engem Vollek, “wat sech op kee Fall geschloe wëll ginn.”

Ried vum Xavier Bettel a Wolodymyr Selenskyj
Billermaterial vum Max Gutenkauf/Liz Thielen

Schreiwes

Xavier Bettel en déplacement en Ukraine (21.06.2022)

Communiqué par : ministère d’État

En date du 21 juin 2022 et sur invitation du Président de l’Ukraine, Volodymyr Zelensky, le Premier ministre, ministre d’État, Xavier Bettel, s’est rendu à Kiev en Ukraine.

En premier lieu, le Premier ministre, accompagné par Emine Dzhaparova, Première Vice-ministre des Affaires étrangères de l’Ukraine, a visité les villes de Borodianka, Bucha et Irpin. À Irpin, le Premier ministre a visité l’exposition « Ukraine-Crucifixion » et a participé à une brève cérémonie spéciale en mémoire des enfants ukrainiens qui sont mort dans le cadre de l’invasion. Le Premier ministre y a posé un jouet en tant que geste commémoratif.

« Je salue la mémoire des victimes dans ces villes « héroïques », comme les Ukrainiens ont décidé de les nommer. J’admire le courage des femmes et des hommes qui sont en train de reconstruire les infrastructures de base, de faire revivre ces villes après la barbarie qui s’y est déroulée avec son lot d’exactions, de crimes et de violations du droit international humanitaire. Vous pouvez compter sur le Luxembourg pour soutenir les enquêtes d’acteurs nationaux et internationaux sur ces crimes de guerre, et d’œuvrer afin que les responsables de ces atrocités soient identifiés, poursuivis, et punis », a noté le Premier ministre durant ces visites.

À l’issue des visites sur le terrain figurait une entrevue avec le Président de l’Ukraine, Volodymyr Zelensky. Les principaux sujets abordés furent le soutien luxembourgeois envers le peuple Ukrainien en matière de contributions humanitaire, militaire et financier, ainsi que les sanctions européennes envers la Russie et l’insécurité alimentaire mondiale en conséquence directe de l’agression russe. Il importait au Premier ministre de souligner le soutien du peuple luxembourgeois avec l’Ukraine : « Quatre mois après le début de la guerre, et suite à votre invitation, je suis aujourd’hui ici pour témoigner le soutien du Luxembourg à l’Ukraine. Mon message - envers vous, Monsieur le Président, et envers le peuple ukrainien, ici en Ukraine et à tous ceux cherchant refuge ailleurs – est clair : Nous – le Luxembourg et les luxembourgeois - sommes à vos côtés ».

La candidature de l’Ukraine pour devenir membre de l’Union européenne a également été abordée lors de cette entrevue. À l’égard de ce dernier point, le Premier ministre a noté que : « Je souhaite vous informer aujourd’hui du soutien politique du Luxembourg en faveur de l’octroi, sans délai, d’un statut de candidat pour devenir membre de l’UE. Suite à l’avis de la Commission, je plaiderai aussi au Conseil européen dans ce sens. C’est un signal d’espoir important que vous, l’Ukraine et le peuple ukrainien, méritez ». Le Premier ministre tenait cependant à ajouter que « dans ce débat, il importe de veiller à gérer les attentes de toutes les parties. Nous le savons, il n’y a pas de « procédure accélérée » pour devenir membre de l’UE. Avec le statut de candidat, un long processus commence. Nous ne pouvons simplement pas ignorer l’acquis communautaire et les critères de Copenhague - État de droit ; respect des droits fondamentaux ; une économie de marché qui fonctionne.

Le Premier ministre a conclu en remarquant : « Oui, les défis sont substantiels. Mais : Je peux vous assurer que le Luxembourg restera à vos côtés. Aujourd’hui face à l’agression russe. Et sur le long terme pour la reconstruction de votre pays ».

À l’issue de cette entrevue, le Premier ministre a eu une entrevue avec le Premier ministre de l’Ukraine, Denys Chmyhal et une rencontre avec le Président du Parlement ukrainien, Rouslan Stefantchouk, à la Verkhovna Rada d’Ukraine.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO